Den Documentaire vum Nathalie Reuter an den Debat vun 18h un
Am Kloertext Spezial vun e Sonndeg, 20. Abrëll ëm 18h00 op RTL Télé Lëtzebuerg geet et ëm de Broschtkriibs.
Et trëfft just déi aner, dat seet ee sech bis et een awer selwer trëfft, bis de Saz kënnt: Dir hutt Kriibs. Fir Fraen ass et am dacksten dee vun der Broscht an op d'mannst eng vun 10 Frae wäert an hirem Liewen déi Diagnos gestallt kréien! A vun deem Moment un ass d'Liewen ni méi wéi virdrun, och wann haut d’Heelungschancen extrem gutt sinn. RTL huet eng Fra ee Joer während hirem Traitement begleet, nom Film diskutéiere mir mat Patientinnen an Dokter.
Film (18h00): FULL-TIME JOB
No der Diagnos Broschtkriibs vum Laura Da Silva war eng Kamera 8 Méint laang bei der Behandlung mat dobäi. FULL-TIME JOB weist de Wee vun enger Kriibspatientin vun der éischter Chimio bis dee leschten Dag Radiotherapie. Et ass de gefilmten Temoignage vun enger Fra an hirem ganz noen Entourage. En Documentaire vum Nathalie Reuter
Débat (19h00): Invitéen
Dr. Caroline Duhem
Laura da Silva
Michèle Terzer
Isabelle Grüneisen
Isabelle Rasqué-Kremer
Isabelle Medinger
Tessy Krier
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.