Am Kloertext vum Sonndeg, 25. Mee ëm 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg goung et ëm de Sport a seng Limitten.

Wie Sport mécht, wëll méi aus sech erauszehuelen, mä wou ass d'Limite? Wéi wäit kann ee Grenze verschiben, ouni se ze iwwerschreiden? Wou sinn d'Gefore vum Sport, vum Breedesport bis bei den Extremsport?

Sujet1: Wat sinn d’Riske vum Effort?
Sujet2: Portrait vun engem Extremsportler

VIDEO: Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Moderatioun: Caroline Mart

Invitéen:

Charles Delagardelle
Kardiolog a Sportsdokter
Grënner vun der ALAD

Danièle Hoffmann
Architektin
Marathon Leeferin

Kim Kirchen
Ex-Vëlosprofi
Sportsministère

Nico Peters
Fréiere Spëtzesportler
Organisateur Uewer-Sauer Trail

Christian Marx
Schüler
Leefer beim CA FOLA

Stephan Quintus
Extremsportler
Mam Vëlo an 11 Deeg op den Nordcap