Thema: Historique vun de Studiebäihëllefen

© Eric Steichen/RTL
Am Kloertext vum Sonndeg, 8. Juni ëm 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg goung et ëm d'Thema Studiebäihëllefen.
D’Diskussioun ronderëm d’Studiebäihëllefen ass spéitstens zanter dem Avis vum Staatsrot nees relancéiert. D’Zäit leeft, d’Regierung wëll de Projet nach virum Summer an d’Chamber kréien, den Aktiounskomitee probéiert sengersäits e Maximum erauszeschloen.
Ass dat läscht Wuert vun der Regierung geschwat, wat fuerderen d’Studente genee?
Am Kloertext hu mir mat Vertrieder vun de Studenten- a Schülerorganisatiounen, mat Gewerkschaften a mam Educatiounsminister Claude Meisch diskutéiert.
D'Invitéeë waren:
Pol Reuter
Aktiounskomitee 6670, UNEL
Claude Meisch
Educatiounsminister
Christophe Knebeler
LCGB
Andre Roeltgen
OGBL
Sarah Diederich
Schülerkomitee LGL
Tom Hermes
ACEL
Kevin Lopez
CNEL
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.