Am Kloertext vum Sonndeg, 22. Juni ëm 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg an zäitgläich op RTL.lu goung et ëm d'Thema "Lëtzebuerger Gesellschaft am Wandel".

Déi nei Regierung hat séier Changementer op gesellschaftspoliteschem Plang versprach a mécht eescht: zivillen Akt amplaz Te Deum op Nationalfeierdag, Vote vum Homo-Mariage an Adoptiounsrecht. Alles Reformen, déi och vum Vollek gedroe sinn? Déi nëmme mat der neier Koalitioun méiglech waren? Ass Lëtzebuerg definitiv méi modern a tolerant ginn? Wéi eng Plaz bleift fir d’Kierch a fir konservativ Iwwerzeegungen?

Reportagen
- D’Geschicht vun de gesellschaftspolitesche Reformen zu Lëtzebuerg, Pierre Weimerskirch
- Déi historesch Bedeitung vum Te Deum, Pierre Weimerskirch

D'Invitéë sinn:

Marie Josée Frank (fréier Infirmière an CSV-Deputée-Maire, engagéiert bei « Vie Naissante/Schutz vum Kand », ass géint de Mariage an d’Adoptiounsrecht fir Homosexueller) Danielle Igniti (Presidentin Planning Familial, Responsabel « Service Culturel Diddeleng », engagéiert bei « si je veux »)

Erny Gillen (Generalvikar /Moral-Theolog, President Verwaltungsrot St Paul (Wort), President "Caritas Europa")

Pierre Dillenburg (fréiere Greffier Chamber, faszinéiert vu Monarchie a feierlechen Zeremonien, zanter 38 Joer mat sengem Liewenspartner zesummen)

Patrick Brücher (grénge Schäffen zu Käl, Philosprof. am Stage, Member AHA)

VIDEO: Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.