Am Kloertext vum Sonndeg, 6. Juli ëm 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg an zäitgläich op RTL.lu geet et ëm d'Fro vun de Rechter vun den Déieren.

Mir heemelen se a liewe mat hinnen, mir liewe vun hinnen an iesse se. Déi meescht maachen en Ënnerscheed tëscht Notz- an Hausdéieren, ginn dem Schwäin en anere Stellewäert wei der Kaz - ass dat richteg? Wéi soll d'Verhältnis Mënsch-Deier geregelt sinn? Braucht et méi streng Gesetzer?

Eng Metzlesch, e Veganer, e Biobauer an aktiv Déiereschützer diskutéiere kontrovers!

VIDEO: Kloertext: Thema "Déiereschutz"
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

SUJET PETITIOUN DÉIERESCHUTZ
Eng mësshandelt Kaz war den Ausléiser fir eng Petitioun fir e méi strengt Déiereschutzgesetz, déi groussen Uklang fonnt huet.

SUJET BIOBAUERVu Beruff hier mat a vun Deiere liewen d'Baueren an dorënner ginn et der, déi sech extra Méi ginn, hire Béischten en Ëmfeld ze bidden, dat hire Besoinen entsprécht ...

SUJET SEA SHEPHERD

Mir hu lo laang den Ënnerscheed gemaach tëscht Haus- a Notzdéieren. Lo geet et ëm Déieren, déi sécher keng Hausdéiere sinn, awer och net méi sou Notzdéieren, wéi gesot gëtt, wëll wann op Grindwale Juegd gemaach gëtt, ass dat ewell sécher méi aus Traditioun wéi aus iergendenger Noutwendegkeet eraus ...

INVITÉEN

MARIE ANNE HEINEN

Gérante Privaten Déiereschutz

Setzt sech zanter 23 Joer fir Kazen an

Lieft mat 3 Hënn, 12 Kazen an 1 Frettchen
www.deiereschutz.org

JEFF MANNES
Membre fondateur Vegan Society Luxembourg
Europa-Koordinator CAAN (Carnism Awareness & Action Network)
Studéiert Soziologie zu Trier

www.carnism.org

TOM KASS

Biobauer

ANNE KAIFFER

“Sou-gutt-wéi”-Metzleschmeeeschtesch

Féiert de Familljebetrib

Studéiert Journalistin

YASMINE HÉMÈS

Direktesch Sea Shepherd Lëtzebuerg

Schützt Grindwalen virun de Färoer Inselen

Grafikerin
facebook Sea Shepherd Luxemburg

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer um 2. RTL.