Thema: Allgemeng Medezin
2020 ass net méi garantéiert dass jiddereen bei engem Hausdokter ënner kennt warnen Generalisten, feelt et wierklech u Nowuess.
Et gouf eng Partie parlamentaresch Ufroen an en oppene Breif vun engem Hausdokter déi d' Debatt relancéiert hunn, mir wäerten drop agoen an och gesinn dass et net just eleng eng Fro vun Zuelen ass, mee och wéi en se sammelt an wéi een se interpretéiert!! Mee wéi gutt ass iwwerhaapt déi medizinesch Grondversuergung a wéi d'Gläichgewiicht tëscht Allgemengpraxen a Spideeler, wéi mat der Unerkennung vum Hausdokter... och do gesinn d'Generalisten Handlungsbedarf, Muenches ass jo scho geschitt fir hire Beruff ze erliichteren an opzewäerten ..wéi Maisons Medicales oder de Referenzdokter, mee wéi ass et an de Praxis mat der Ëmsetzung? Wa vu Nowuesproblemer riets geet da si mir bei der Ausbildung an de Schwieregkeeten eng Studieplaz fir Medezin ze fannen - an de Pläng eng Medical School op der Uni ze schafen!
SUJET Penurie
Feelt et oder feelt et net gläich u Generalisten!!
SUJET Nowuess
Wei steet et mam Nowuess? Eent ass onëmstridden et kommen ëmmer méi Fraen no an de Beruff.. de Pierre Weymerkskirch huet dann och 2 jonk Generalistinne gefrot wat hir Motivatioun ass a wei si sech organiséieren...
SUJET ITV Medical School / Prof Ludwig Neyses Vize Rektor Uni lu
Le gouvernement étudiera l oppourtunité d'une extension de la formation universitaire médicale à l ' université de Luxembourg.. sou steet et am Koalitiounsaccord ,am Kloertext bedait dat et gett gepréift zu Lëtzebuerg dei 6 Joer Medecine unzebidden an spezialiséierung fir Generalist am Kader vun enger sougenannter Medical School ! 2 extern Etuden sinn an Optrag, 2015 kéint Decisioun falen an eventuell 2017 dei 1t Studenten ufaenken.. Dei Responsabel vun der Uni gleewe fest un hire Projet!!
INVITÉEN
Dr Germain Wagner
Generalist
Auteur oppene Breif

Lydia Mutsch
Gesondheeetsministesch

Dr Nico Haas
Generalist
médecin coordinateur UNI.lu

Dr Monique Aubert
Generalistin
Pres soc. scientifique med. gen.

Dr Sébastien Rinaldetti
Spriecher ALEM ( letz Medezinstudenten )
Co-Auteur démographie médicale

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer um 2. RTL.