Thema: Spuer-, Zukunfts- a Budgetspak 2015
Ëm d'Zukunft vum Land, vun onse Finanzen a vun onse Kanner ass et am Kloertext gaang. Kuck hei nach emol de ganze Kloertext vum Sonndeg, dem 19. Oktober.
"Mir suergen dofir, dass den Zuch op déi richteg Schinne kënnt", seet d'Regierung, "fir an eng scholdefräi Zukunft an e modernt Land." "Dir spuert net genuch an op der falscher Plaz - apaart bei de Kanner. De Pak ass onsozial", esou d'Kritiken op de Budgetsprojet - a mir diskutéieren iwwert den Zukunftspak!
Nach seelen ass mat esou vill Spannung op den Optakt vun der Chambersessioun gewaart ginn ... Wéi de Staatsminister en Dënschdeg säin Zukunftspak ausgepaakt huet ... Den Dag drop war et dunn um Finanzminister, fir de Budget vun der neier Generatioun ze presentéieren - hie wier sech bewosst, dass e mat sengem Verglach mam Kopernikus e groussen Erwaardungsdrock provozéiert hätt, sou de Pierrre Gramegna ... mä déi kopernikanesch Revolutioun hätt och Joerzéngte gebraucht a Lëtzebuerg kéint säi System net vun haut op muer ëmstellen, d'Regierung géing awer richteg a konkret dru schaffen ...
Ass dat esou? Sinn d'Weiche gestallt, fir d'Finanzen nees an de Grëff an d'Land moderniséiert ze kréien? An ass den Effort, fir ze spueren, och gerecht a fair verdeelt? Am meeschten ëmstridde sinn déi familljepolitesch Mesuren, dee Paradigmewiessel polariséiert ... Deemno gëtt et dann och sécher eng kontrovers an hoffentlech spannend Diskussioun mat dësen Invitéeën:
Pierre Gramegna, Finanzminister
Corinne Cahen, Familjeministesch
Claude Wiseler, CSV –Fraktiounschef
Jean Claude Reding, President OGBL
Jean Jacques Rommes, Direkter UEL
Marion Zovilé, Engagéiert Mamm vu 4 Kanner
Sujet BUDGET
Et ass kee Spuerpak, mä en Zukunftspak, mä gespuert muss ginn, solidaresch an zolidd an dat well déi viregt Regierung sou vill Scholden hannerlooss huet ... dat war den Tenor an der Chamber.
Sujet FAMILLJEPOLITIK
Et ass keng Ideologie an och kee Spuerwahn, et ass d'Realitéiten unerkennen, sou huet de Staatsminister déi nei Familljepolitik vun der Regierung beschriwwen an eng ganz Panoplie u Mesuren a senger Ried presentéiert.
Sujet MAMM
Mir wëllen de Fraen hëllefen, onofhängeg sinn, seet d'Regierung, eng Argumentatioun, déi awer net all iwwerzeegt, apaart net déi Fraen, déi wéi d’Natacha Heinz d'Decisioun getraff hunn, fir hir berufflech Carrière op Äis ze leeën - a sech ganz ëm hier Kanner ze këmmeren ...
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.