Kiffen oder net kiffen , legal oder net legal, dat war d'Thema vum Kloertext vum 9. November 2014

Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Si hu sech zu vill zesumme gedoen Jugendorganisatiounen vun de Parteien:  vun déi Lenk , de Kommunisten,  Piraten bis bei  Gréng  a Liberal si maachen  Drock a fuerderen d' Recht op staatlech kontrolléierte Konsum vu Cannabis , direkt ofgewénkt hat CSJ ,méi erstaunlech net mat am Boot sinn awer och Jong Sozialisten déi oneens hir Basis konsultéiere wëllen.
Diskussioun ass jo net nei, mee nei lancéiert, an dat net just zu Lëtzebuerg woubäi d ‘Fro ëmmer déi ass a wei wäit di aktuell( bei ons greisstendeels repressiv Drogepolitik) en Échec ass  ..a  wat am Plaz setzen ? Beim Slogan "Legalize it "a geet  et well em wäit méi wei just de Wonsch op seng Aart a Weis séilech an High ze ginn , weltwäit gëtt méi nuancéiert diskutéiert , tëscht Verdäiwelung  an Verharmlosen ,  tëscht dem Argument Cannbis ass d' Astiegsdrog déi direkt un Nol féiert an en Joint ass  manner schiedlech wei eng Zigarett! .Wei  den Dealer d' Geschaaft leeën , de Konsument viru schlechtem Stoff schützen , a wéi dobäi grad di  Jonker schützen wou de  Cannabis- Konsum ganz heefeg a vill méi problematesch ass !

Pro a Kontra - wat ass dei beschte Politik fir de Cannabis ze regelen -doriwwer diskutéieren des Invitéen  :

Felix Braz
Justizminister
Déi gréng

Mat der reng repressiver Politik léise mir de Problem net d ‘Gesetzer mussen ugepasst d’ Diskussioun gefouert ginn , mee eng Legaliséierung ass am Koalitiounsaccord net virgesinn seet de Felix Braz

Alain Origer
Psycholog
Droge-Beoptragten Regierung

Mir brauchen eng differenzéiert Debatt , et gëtt am medezinesche Beräich zwar positiv Wierkunge vu Cannabis, de renge Genoss Konsum däerf awer net  banaliséiert ginn warnt den Alain Origer!

Anouk Hinger
Diplom- Psychologin
Chargée de Direktion (Responsabel) Service Impuls

All Gesetz huet seng vir a Nodeeler mee den Cannabis- Mëssbrauch ass eng Realitéit , d’Zuel vun onse Clienten wiisst rit virun, a fir  Jonker ass regelméissege Konsum kloer schiedlech seet Anouk Hinger

Paul Matzet
Cannabisbündnis
déi jonk gréng

De Konsum geet net erof , de Konsument ass net geschützt , de Schwaarzmaart  onkontrolléiert, de Staat misst dat maachen an  de Cannabis ënner Oplagen legaliséiere sou den Paul Matzet !

 

Michel Agostini
Cannabisbündnis
Jonk Demokraten

D’ Gesetz ass net do fir Läit viru sech selwer ze schützen mee virun aneren, de Grond Liberalen Gedanken vun perséinlecher Fräiheet ass och een Argument fir d’ Legaliséieren mengt  den  Michael Agostini !

Sujet: CANNABIS MEDICAL/ Fuerschung ITV Berchem, Steinmetz , Hanfbauer
Dass bestëmmten Beréirungsänschten géintiwwer dem Cannabis ofgebaut ginn weist och Tatsaach dass en an eenzelen Länner och fir medizinesch Zwecker agesat gëtt, grad bei Patienten mat chroneschem Wéi oder Krämp ass d' Wierkung onëmstridden , mee d' Angscht viru Mëssbrauch an de schlechten Image mécht dass wéineg Medeziner sech derfir asetzen , dobäi gëtt och zu Lëtzebuerg  Cannabis ugebaut an iwwert seng Inhalts- Stoffer gefuerscht

Sujet: ITV Jean – Paul NILLES Direkter CEPT
De Reiz vum Cannabis läit grad och am verbuedenen , et ass eng Drog vun der Jugend,  déi  rebelléieren a sech ofgrenzen kenne géint Elteren a Gesellschaft...dat  gëtt oft gesot , mee wann et och  d' Jugendorganisatiounen sinn déi eng Legaliséierung fuerderen ,   kruten si awer   deels Recht vun enger Säit wou een et klassesch net erwaart hätt : vum Cept dem Drogen-Präventiounszenter ! Leider ass hiren Direkter am Moment am Ausland, soss hätt hien lo mat diskutéiert, mir wollten awer vun him wëssen firwat hien d' Idee vum Cannabisbündnis eng Iwwerleeung wäert fënnt!

Sujet: CANNABIS Int LEGISLATIOUN
D' Rad nei erfannen ass seele néideg, och net bei Gesetzer, ganz oft inspiréiere mir ons jo um Ausland, an do gëtt et vill Modeller nach ëmmer  klassesch repressiv bei de Fransousen  , dergéint an ëmmer méi Länner vill méi , bis ganz Liberal.. de Pierre Weimerskirch hëlt ons mat op eng kleng Cannabis- Weltrees..

Sujet: TEMOIGNAGE
Jo ech kiffen, wann dat am privaten haut vill méi selbstverständlech ass ze soen, an grad bei de Jonken haut och ëmmer manner Tabou sou ass et natierlech eppes ganz aneres an der Ëffentlechkeet, just wien ka besser iwwert de Konsum schwätzen, an och de Mëssbrauch wéi een deen et erlieft huet ? E kuerze Témoignage vu engem jonke Mann deen aus verständleche Grënn anonym well bleiwen!

Kloertext
Thema: Nei Gesetzer fir Cannabis- Konsum?

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.