Rendez-vous war um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Firwat elo, wat huet et mam JCJ ze dinn? Ass alles, wat legal ass, och legitim? Wéi vill Kontroll an Harmoniséierung braucht et? A wat ass d'Zukunft vun eiser Nischepolitik? Also, Lëtzebuerg, wéi hues du et mat denge Steierpraktiken? Zanter dem 6. November gëtt déi Fro weltwäit gestallt ... An net nëmmen déi Fro:

"LuxLeaks ass en Tsunami", seet d'Regierung - firwat huet keen e komme gesinn? Firwat elo? Firwat mir, wou souvill anerer et och maachen?

Kloertext: LuxLeaks
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Do ware mir endlech aus dem "Schmuddeleck" eraus, fort vu groe Lëschten, houfreg, eng Finanzplaz ze hunn, déi och ouni Bankgeheimnis floréiert, an dann dat: LuxLeaks! Zanter dem 6. November vergeet keen Dag ouni nei Attacken an Artikelen an der Weltpress, a scho si mir nees matzen dran am Knaschteck, déi Kéier wéinst den Tax Rulingen. Déi aner maachen et jo och - et ass alles legal - mir maachen där Tricker keng méi ... Déi net grad coordinéiert Reaktioune kennt Dir well, mä déi ganz Affaire LuxLeaks wërft eng Hellewull u Froen op, déi wäit iwwer den "Firwat just mir?" erausginn - woubäi dat och interessant ass, grad wéi den Zäitpunkt an d'Roll vum fréiere Premier an aktuelle Kommissiounspresident.

Méi déif stelle sech awer grondsätzlech Froen iwwer Verdeelungs a Steiergerechtegkeet, iwwert eng globaliséiert Welt an där Betriber a Kapital sou séier wéi ni zirkuléieren, wéi vill Konkurrenz ass do nach gesond, wéi vill Kontroll an Harmoniséierung néideg - a fir Lëtzebuerg nach eng aner ganz kruzial Fro: Onse Wuelstand verdanke mir gréisstendeels der Nischepolitik, wat, wann déi konsequent weider   limitéiert gëtt? Quo vadis Lëtzebuerger Geschäftsmodell?

3 Sujeten

- D'Reaktiounen op LuxLeaks
Wann een ugegraff gëtt, da muss ee konteren. Wéi attaquéiert gouf a wéi gekontert, gesi mir an engem kuerze Resumé vum Pierre Weimerskirch, wou d'Nervositéit spierbar ass!

- De System vun de Rulingen
Wat e System méi komplizéiert, wat e méi schwéier ze verstoen a  kontrolléieren ass. A wann elo méi Transparenz versprach gëtt, muss et wuel un där gefeelt hunn? De Pierre Weimerskirch seet, wéi vereinfacht Rulinge vun de Géigner duergestallt ginn a wéi komplex Steier-Konstruktioune vun internationale Firmen deels sinn.

- Timeline vum Bankegeheimnis
Dass dësen Tsunami déi lescht Well ass, schéngt onwahrscheinlech, ëmsou méi well et der genuch virdru gouf. Den Drock op Lëtzebuerg a seng Nischepolitik, deen huet Traditioun ...

D'Invitéen

Jeannot Krecké   
Auteur Rapport Stéierfraude 1997 / fréieren LSAP Wirtschaftsminister
 
Jean-Jacques Rommes  
Direkter UEL/ fréieren Direkter ABBL
 
Georges Bock
Ekonomist a Steier-Expert / Partner KPMG
 
Claude Schettgen
RTL Finanzexpert
 
Luc Caregari
Journalist WOXX

PROMO KLOERTEXT
.

De Kloertext am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.