Rendez-vous war um Sonndeg den Owend ausnamsweis schonn um 18.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

D’Gefill, dass mir an onsécheren Zäiten liewen, wiisst ganz allgemeng, mä grad esou wiisst och d’Zuel vun deenen déi ganz real an der Precaritéit liewen an ënnert hinne leider ëmmer méi Jonker.

Jonker déi am schlëmmste Fall op der Strooss liewen, mä vill anerer sinn an Nout och wa se nach en Daach iwwert dem Kapp hunn.
All Schicksal, all Geschicht ass eemoleg, mä et sinn dacks di selwecht Grënn déi e Prozess ausléisen deen zum Däiwelskrees ka ginn:

Problemer an der Famill a Problemer an der Schoul..natierlech gëllt wat méi fréi, wat besser,agräifen, mä dat ass méi liicht gesot wéi gemaach. Wat sinn d’Risikofacteuren? Wou sinn déi akut Problemer zu Lëtzebuerg? Wéi eng Strukture gëtt et fir Jonken ze hëllefen? Entspriechen déi deem wat gebraucht gëtt? Kennen déi Jonk se iwwerhaapt a wéi gutt klappt et mat der Coordinatioun?

D'Invitéen

Alexandra Oxacelay - Chargée de direction "Stëmm vun der Strooss"  //   Journalistin vu Formatioun

Gilles Dhamen  -  Direkter Projeten National Solidaritéit Roud Kräiz // Assistant social

Serge Tonnar  -  Museker, Auteur, Acteur   //   Fondatioun Thierry van Werveke

Marc Barthelemy  -  Professeur-attaché // Educatiounsministère

Caroline Ries  -  Responsabel Péitrusshaus  //  Educatrice graduée

Marc Hammer  -  Co-Realisateur "Follow me home"

VIDEO: Kloertext 07/12/2014 - Teaser
.

D'Emissioun hat ausnamsweis schonn um 18 Auer ugefaange, mam Dokumentaire “follow me home” vum Marc Hammer a vum Vito Labalestra. De Film gouf am Optrag vun der Stëmm vun der Strooss gedréint.

De Kloertext am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.