Rendez-vous war um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

"Mir si Charlie" ... mä wat maachen?

- Däerf, soll, muss een iwwer alles laachen?
- Wat ass de Präis vun onser Fräiheet?
- Wéi Bierger a Wäerter schützen, ouni se opzeginn?
- Wat maache géint politesch Recuperatioun an nei Intoleranzen?

Bläistëfter a Luucht géint Kalaschnikowen. Et war Eng Woch vun extremer Gewalt, extremen Emotiounen, vu staarke Symboler, vu Biller, déi sech an dat kollektiivt Ënnerbewosstsinn agruewen esou wéi déi vun den Zwillingstierm zu New York, déi an de Koup falen. Terroristen hunn nees do zougeschloen, wou et - trotz Menacen - ondenkbar geschéngt huet: Matzen a Paräis an engem Redaktioun-Sall an hiert Zil genee gesicht fir maximal Opmierksamkeet.

An elo? Lo stelle sech eng Hellewull u Froen. Well deenen, déi getraff goufen, näischt helleg war, well hir  eenzeg Waff Ironie an Derisioun zwar friddlech an awer redoutabel efficace si kennen, ass direkt d'Diskussioun nees opkomm, wou d'Grenze vun der Satire sinn a wat onnëtz Provokatioun ass. Eng kruzial Fro, déi vun de Wäerter vun enger Gesellschaft: Woufir se steet a woufir si bereet ass, anzestoen an ze kämpfen.

Wat ass de Präis vun onser Fräiheet? Wéi kann déi geschützt ginn, ouni dass wéi an den USA mat der "War on Terror" Biergerrechter mat Féiss getrëppelt ginn, wat kann ee géint Terrorismus maachen an enger globaliséierter Welt, deen extrem gutt organiséiert an ouni gréisseren Opwand maximale Schued uriichte kann? Wat sinn d’Gefore vu politescher Recuperatioun an dem Erëm-Opflame vu Feind-Biller an Intoleranzen, der Vermëschung tëscht Islam an Islamisten, engem Klima vun Angscht, dat sech ausbreet a just den Terroristen a rietsextreme Beweegungen notzt?

Wat sinn déi richteg Äntwerten? Dat hunn dës Invitéen diskutéiert:

Viviane Reding
EU-Deputéiert (CSV), fréier Journalistin a Vizepresidentin EU-Kommissioun
Si huet nach ni e Blat virun de Mond geholl. Als Ex-Journalistin oder EU-Kommissärin fir Medien Justiz a Grondrechter ass si gutt plazéiert, ons ze soen, wat déi richteg Äntwerten op dësen Terrorakt sinn!

Charel Goerens
EU-Deputéierten (DP), engagéiert fir Mënscherechter, fréiere Minister
Mënscherechter sinn en zentraalt Thema fir de liberale Politiker Charel Geoerens, dee seet: "Fräiheet ouni Risiko gëtt et net, a wann ee se schütze wëll, andeem een aner Fräiheeten ënnergrueft, kapituléiert ee virum Terrorismus!"
Pascal Becker
RTL-Journalist a Reporter, Co-Auteur vum Réckspigel
All zweet Woch mécht hien de satiresche Réckbléck op d’Aktualitéit op RTL. "Den Terrorismus", seet hien "ass d'Waff vun deenen, déi keng militäresch Moyenen hunn ze kämpfen, an d'Knéie bréngt ee just deen, dee seng Wäerter ofgëtt".

Lucien Czuga
Kreativen a BD-Zeenarist; Papp vum Superjhemp oder Pechert
De Lucien Czuga huet schonn als Kand BDe gesammelt an huet esou och d'Equipe vu Charlie Hebdo perséinlech kennegeléiert: "Si hu mech zu dem gemaach, wat ech sinn", seet den zweete Papp vum Superjhemp!

Jemp Schuster
Kabarettist, Auteur, Acteur a Regisseur
Als Kabaretist an Auteur huet hien dacks provozéiert, de Jemp Schuster, a revendiquéiert dat och als e Recht a seet: D'Fro ass, wie sech da provozéiert fillt, dat si just déi intolerant; een, deen tolerant ass, dee ka laachen!"

Paul Rauchs
Engagéierten Auteur, LSAP-Kandidat, Psychiater
Als Psychiater ass hie mat der Fro vu Grenzen an Grenziwwerschreidung konfrontéiert. Den Auteur Paul Rauchs bekennt sech awer kloer zum Desproges-Motto: "Keng Grenzen, et muss een iwwer alles laache kënnen!"

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.