Rendez-vous war um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - elo am Replay!

Wéi erwënscht ass d’Kritik bei LSAP an CSV?
Wéi wäit kënnen d’Reform-Prozesser goen?
Wat sinn d'Grondsaz-Debatten, déi néideg sinn?
Wat déi Wäerter, déi nei ze definéiere sinn?

LSAP an CSV regéieren net méi zesummen, hunn a Kärfroe wéi der Kierch komplett ënnerschiddlech Meenungen, mä a béide Parteien ass e Reform-Prozess ugestouss ...

... wann et ëm Kierch a Staat geet, sinn d'Positiounen esou kloer wéi d'Trennlinnen tëscht CSV an LSAP, mä a béide Volleksparteie mellt sech d'Basis a fuerdert en Erneierungsprozess personell a programmatesch, LSAP an CSV am Ëmbroch wéi, a wéi wäit, geet deen ?

VIDEO: Kloertext: Promo 24.01.2015
D'Basis vun den zwou grousse Volleksparteien fuerdert den Erneierungsprozess. D'LSAP an d'CSV sinn also am Ëmbroch a wéi wäit kann dëse goen.

Net alles sou, wéi et sollt sinn - dat eng virsiichteg Ëmschreiwung vum Affekot Marc Thewes, deen zesumme mam Marc Glesener en internen Audit iwwert d'CSV gemaach huet, wëll kritesch Stëmme ginn et der jett, an zanter dass den Iwwer-Papp Jean Claude Juncker no minimaler Beréierung mat der Oppositiouns-Bänk op Bréissel verschwonnen ass, stelle sech vill nei Froen - ënnert anerem déi vum Leadership, eng Opbroch-Stëmmung ass ze spieren, zu deeër och en Dräikinneksgrupp als Denk-Plattform  bäidreet.

Vill méi institutionaliséiert schonn ass et op LSAP-Säit d'Fondatioun Robert Krieps, déi eng Analys am Fong vun der Partei no den Neiwahle gemaach huet an hirersäits Feeler net just bei anere sicht, mä och kloer déi eege Partei-Hierarchie a Fro stellt an deene virgeheit, un de Ministesch-Still gepecht ze hunn, Auto-Kritik, Reformwëllen, mä wéi erwënscht ass déi Kritik, wéi wäit kënne béid Reform-Prozesser goen?

Wat si Grondsaz-Debatten, déi a béide Parteie gefouert, a respektiv Wäerter, déi nei definéiert musse ginn, well egal wéi d'Formulatioun ass, de Besoin vun de Militante vun LSAP an CSV no méi klorer Ofgrennzung a Profil ass grouss, woubäi et dës Woch zu engem Accord koum, dee sou tëscht béiden Ex-Coalitionnairen ni denkbar gewiescht wier, d'Trennung vu Kierch a Staat ... eng Scheedung à l'amiable, mat juristeschen Onkloerheeten ...

D'Invitéen

Marc Spautz
CSV-President, Deputéierten, fréiere Familljeminister

Kucken, jugéieren, handelen .. esou resüméiert de Marc Spautz den Erneierungsprozess vun der CSV; fir hire President geet et drëm, eng lieweg Vollekspartei ze sinn, wou jidderee matmaachen an diskutéiere kann; engem internen Audit no ass awer genee do vill Nohuelbedarf.

Sonja Kettmann
Enseignante, Member vum Dräikinneksgrupp CSV

D'Sonja Kettmann ass eng engagéiert Fra, sief et als Enseignante oder als CSV-Member a Co-Autorin an -Editrice vum Essay-Band "C wéi Choix" vum sougenannten Dräikinneksgrupp, deen eng personell a programmatesch Erneierung vun der Partei ustrieft.

Alex Bodry
LSAP-Fraktiounspresident, fréiere Minister a Buergermeeschter

"Ech wëll mech nëmmen nach op meng Aarbecht als Fraktiounschef konzentréieren", sot den Alex Bodry, 10 Joer LSAP-President, 10 Buergermeeschter an 10 Minister; de Jurist ass ee vun de Piliere vu senger Partei, dee sou muench extern, awer och intern Schluechte scho geschloen huet!

Franz Fayot
LSAP-Deputéierten a Budgetsrapporter, Member Fondatioun Robert Krieps

De Franz Fayot hëlt d'Etappe ganz séier, a sengem 1. Joer um Krautmaart gëtt hie Budgetsrapporter, den Avocat d’affaires huet ë.a. zesumme mat sengem Papp an der Fondatioun Robert Krieps eng kritesch Analys vu senger Partei ausgeschafft: D'LSAP wier kloer an enger Kris!

Jürgen Stoldt
Co- Editeur Zäitschrëft Forum, Kommunikatiouns-Beroder

Gesellschafts-Verännerungen erkennen an doraus Kommunikatiouns-Strategien entwéckelen, ass d'Philosophie vum Kommunikatiouns-Beroder Jürgen Stoldt; als ee vun den Editeuren/Auteure vum "Forum" analyséiert hien awer och kritesch d'Lëtzebuerger Politik a Partei-Landschaft!

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.