Thema: Kompetitivitéit an Aarbechtsplazen ouni Sozialofbau?
Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.
Si schwëtzen nees mateneen, mä d'Positioune vu Gewerkschaften a Patronat leien awer nach wäit auserneen, wat Aarbechtsrecht, Flexibiliséierung oder Mindestloun betrëfft - wéi de Chômage bekämpfen a Betriber kompetitiv halen?
Bei ons diskutéiere Patronen, Gewerkschaftler an den Aarbechtsminister!
FOTOGALERIE: Andréck vun der Emissioun vum Eric Steichen.
D'Invitéen
NICOLAS SCHMIT, Aarbechtsminister (LSAP)
"Mir brauchen am Ministère a bei der Adem e Geescht vu Reformen a Management, et musse séier Neel mat Käpp gemaach ginn", seet den Aarbechtsminister. Fir den Nicolas Schmit mussen awer och d'Demandeurs d'Emploi selwer ëmdenken, fir dem Chômage bäizekommen!
ANDRE ROELTGEN, President vum OGBL
"Et solle keng Äppel mat Bire vermëscht ginn", hat den OGBL-President gewarnt an d'rout Linne si kloer fir den André Roeltgen keng negativ Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht a Fangere weg vum Mindestloun; dass d'Betriber mat der Adem schaffen, wier jo dat mannst!
LAURENT SCHONCKERT, Administrateur-Directeur vum Cactus
De Mindestloun ass net de Problem fir den Administrateur-Directeur vum Cactus, wou all Joer eng 400 Plaze fräi ginn; d'Fro wier, wat fir d'Geld geleescht gëtt; gutt Leit fannen, wier iwwerdeems ëmmer méi schwéier, beklot de Laurent Schonckert!
CHRISTIANE WICKLER, Administratrice déléguée Pall Center / Kuerzzäit-Deputéiert déi Gréng
"D'Lëtzebuerger Economie ass en ongeschlaffenen Diamant", mengt d'Cheffin vum Pall Center, mä beklot e Klima vun Zukunftsangscht; no hirem kuerzen Ausfluch op de Krautmaart ass d'Christiane Wickler iwwerzeegt, datt d'Zäit eng aner ass an der Politik wéi an de Betriber!
RENÉ FRIEDERICI, Personalchef Paul Wurth / Senior Vice President
"D’Ufuerderungen hu geännert", seet de laangjärege Personalchef vu Paul Wurth; Diplom-Ingenieur misst een awer net sinn, wann ee flexibel ass a bereet, nei Erausfuerderungen unzegoen, géifen et kloer Carrière-Perspektiven, mengt de René Friederici!

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.
