Thema: Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen?
Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.
Wéi e Lëtzebuerg fir déi nächst Jorzéngten?
Wéi soll d'Land sech entwéckelen?
Wéi a mat wéi engen Instrumenter de Wuesstem politesch steieren?
Wéi all d'Auteure mat abezéien?
Wéi den Equiliber tëscht Privat-Recht an ëffentlechem Interessi halen?
Wéi deen tëscht Wuesstem, Naturschutz a Liewensqualitéit?
700.000 Awunner si keen Horror-Zeenario méi, mä d'Fro, wéi wunnen, schaffen an den Transport fir sou vill Mënsche steieren? Wéi eng Landesplanung maachen, déi all d'Acteuren abezitt an den Equiliber hëlt tëscht Wuesstem an Naturschutz, Privatrechter an ëffentlechem Interesse?
Mir diskutéiere kontrovers, wéi e Lëtzebuerg mir wëllen!
Eis Invitéen:
- BLANCHE WEBER, Presidentin Mouvement écologique
Ëmmer méi anonym Citéen an Aktivitéitszonen an eise Gréngzonen, ëmmer méi wuessen a konsuméieren, dat ass keng Zukunftsvisioun fir d'Presidentin vum Mouveco. Mir brauchen aner Wunn- a Liewensformen a kënnen einfach net onendlech wuessen, seet d'Blanche Weber.
- FRANCOIS BAUSCH, Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen
Mir brauchen d'Diskussioun, wéi mir wuesse sollen, seet de François Bausch - woubäi de Wuesstem net de Problem wier. De Minister gesäit och keen, dee politesch dergéint wier; fir hien ass et just eng Fro, wéi de Wuesstem "managen", an dat bräicht Dialog, mä och d'Klären, wou d'Grenze vu Privat-Besëtz sinn.
- GEORGES KRIEGER, Affekot a President Union des Propriétaires
D'Rechter vun de Proprietairë si massiv a Gefor, seet de Georges Krieger. Déi ganz Debatt iwwert d’Plans sectoriels ass rengen Alibi fir de sträitbare Maître, dee géint den Dirigismus vun uewen erof an de Pouvoir vun de Fonctionnairë wiedert a fënnt, datt e Logements-Ministère u sech iwwerflësseg ass.
- MICHEL WOLTER, CSV-Deputéierten, Buergermeeschter Nidderkäerjeng, fréieren Inneminister
Scho mam IVL wollt de Michel Wolter héije Wuesstem a Liewensqualitéit garantéieren, ënnert der Konditioun, Fundamentales ze änneren. Virun 10 Joer hat hien als Minister eng breet Debatt gefrot a viru Stëllstand, Réckschrëtt an "Nimby-Effet" gewarnt. Verluerent Joerzéngt a selwecht Problemer?
- JOHN LORENT, Buergermeeschter Käl (LSAP)
"Komplett iwwerdimensionéiert" war fir de John Lorent de Projet d'Envergure iwwer 70 Hektar fir Käl, deen am Plan sectoriel virgesi war. Et huet massiv Protest vu Buergermeeschter a Bierger gebraucht, dee Megaprojet ze verhënneren. Concertatioun am Virfeld?!
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.