Thema: Méi Gewalt zu Lëtzebuerg: gefillt oder Wierklechkeet?
Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.
- Sinn et just Eenzelfäll, déi zu kollektiver Angscht féieren?
- Klëmmt d'Zuel vun den Aggressiounen oder eskaléiert et méi hefteg?
- Wat brénge méi Iwwerwaachung a méi Repressioun?
- Wat muss präventiv gemaach ginn a Gemengen an a Schoulen?
Blann Gewalt hëlt zou uechtert Welt - an heiheem? De brutale Mord vun Ettelbréck, grausam Nouvellë vun Tréier oder Arel - Informatioun an Angscht vermësche sech, jidderee kéint Affer ginn. Rengt Onsécherheetsgefill oder och Realitéit? Mir diskutéiere mat Vertrieder vu Police, Parquet, Gemengen a Schoul!
Eis Invitéen:
René Lindenlaub
Direkter Police Grande-Ducale Stad Lëtzebuerg
Wann et ëm Gewalt geet, gëtt d'Police geruff - an de Ruff no méi Police kënnt och séier op! Dofir feelt et awer u Leit, seet den Direkter vun der Stater Police. De René Lindenlaub mengt, et brauch och privat Sécherheets-Personal.
Jean-Paul Frising
Procureur d'État Lëtzebuerg
De Procureur d'État vu Lëtzebuerg zweiwelt, dass méi Poliziste Gewaltdote verhënneren; de Jean-Paul Frising gesäit och net sou vill méi Fäll, mä et aart méi séier aus, d'Aggressivitéit hëlt och zu Lëtzebuerg zou an de Respekt of!
Abbes Jacoby
Gemengerot Ettelbréck (déi Gréng)
Privat Sécherheets-Personal ass eng delikat Saach fir den Abbes Jacoby, den Ettelbrécker Conseiller gleeft och wéineg un déi präventiv Wierkung vu méi Police, villméi misst d'Zesummeliewen an de Gemengen iwwerduecht ginn.
Vera Spautz
Buergermeeschtesch Esch (LSAP)
Bierger an hir Ängschten eescht huelen, wëll déi Escher Buergermeeschtesch, Police-Präsenz hëlleft géint Onsécherheetsgefill, mä reell Gewalt, mengt d'Vera Spautz, hëlt éischter doheem an de Stéit zou ewéi op der Strooss!
Tullio Forgiarini
Professer Lycée Wolz an Auteur
Gewalt doheem, Elteren, déi net eens ginn, deet och an de Schoulen d'Aggressivitéit klammen, seet den Tullio Forgiarini. De Proff aus dem Wëltzer Lycée seet, d'Klima ass méi rau ginn, verbal a kierperlech! D'Präventioun wier Educatioun!
3 Reportagen
Reportage 1: Babyalone
Iwwerdriwwen oder traureg Realitéit? Déi Diskussioun ass och opkomm no der Première vum Film Baby-a-lone vum Donatu Rotunno, e Film, fir deen onsen Invité Tullio Forgiarini d'Virlag mat sengem Roman Amok geliwwert huet.
Reportage 2: CFL
Nobäi 1.200 Kamerae sinn um ganzen CFL-Reseau Bus, Zich, Garen installéiert, a bei all Incident kënnt och do d'Diskussioun nees op: D'Sécherheet vun de Passagéier gëtt ganz eescht geholl, hat de Minister Bausch d'lescht Woch erkläert. Mir hunn nogefrot wéi!
Reportage 3: Esch
Déi wichtegst Fro ass, wat maachen, präventiv, a wat ass d'Roll vu Gemengen a Bierger, déi Fro stelle se sech net just zu Ettelbréck.
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.