Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.

- Firwat di mir ons sou schwéier mat Reformen ?
- Wéi eng Aufgab huet d’Schoul, wéi eng (nei) Methode brauch se?
- Wéi mat der Diversitéit a groussen Erausfuerderungen eens ginn?

't ass Vakanz, mä an der Schoul brennt et op ville Fronten: Clinch Proffen - Minister, massive Widderstand géint den neie Stage oder Wäerte-Unterrecht, Politikum iwwer geleakten Examensfroen a Kanner, déi et ausbuede mussen - mä firwat ass de Klima esou schlecht a si Reforme sou schwéier? A vill méi wichteg: Wat ass iwwerhaapt d'Missioun vun der Schoul haut, wat sinn d'Methoden, déi gräifen?

Eis Invitéen:

Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend an och nach Héichschoul
De Claude Meisch ass zoustänneg fir d'Kanner vum Préscolaire bis bei Uni, keng einfach Tâche! Op alle Fronte stousse seng Reformen op grousse Widderstand - trotzdem seet hie sech nach ëmmer bereet zum Dialog!

Daniel Reding
Franséischproff / President APESS
Wann de Minister Mëllechmeederchers-Rechnunge wëll, da kritt e se, sou den Daniel Reding. D'APESS ass kategoresch géint all weider Spuer-Moossnam zu Laaschte vun de Proffen, hire President warnt de Minister a fuerdert en op ze beweisen, dass en den Accord mat de Gewerkschafte wëll!

Patrick Arendt
Schoulmeeschter / President SEW-OGBL
Eng Spuer-Logik um Bockel vun den Enseignanten an den Opbau vun engem administrative Waasserkapp denoncéiert och de Patrick Arendt; fir de President vum SEW weist Basis, wéi d'Stëmmung ass, méi Aarbecht fir manner Pai wier net dran! Di wichtegst Erausfuerderung fir Schoul ass fir hien d'Léiere vun de Sproochen!

Claudine Kirsch
Léierin, Professesch a Chercheuse Uni.lu
Et ass e groussen Decalage am Rhythmus, wéi d'Gesellschaft a wéi d'Schoul sech veränneren, seet d'Claudine Kirsch; d'Kanner gi mat an Methoden a Léiermaterial vu gëschter op eng Welt vu muer virbereet, mä di fréier Léierin a Professesch vun der Uni seet och: Lëtzebuerg ass nawell optimistesch fir Reformen!

Françoise Isabelle Thill
Léierin am Cycle 4.1
"Déi Gesellschaft, déi ëmmer méi komplex ass, déi spigelt sech och an de Klassesäll", seet d'Françoise Thill. D'Léierin, déi e Cycle 4.1 betreit, seet, et ass ëmmer méi schwéier den enormen Ënnerscheeder vun de Kanner gerecht ze ginn an si konzentréiert bei der Staang ze halen!

Reportagen:

Reportage 1:
Déi verschidde Konflikter an der Schoul.

Reportage 2:
Aufgab a Kritik: Patrick Arendt a Patrick Remakel iwwert Sënn an Onsënn vun de Reformen.

Reportage 3:
Spezifesch Besoinen: Arendt a Remakel iwwer déi ëmmer méi grouss Heterogenitéit vun de Klassen

Reportage 4:
Interview mam Germain Weber, Psychologie-Professer Uni Wien / Uni.lu, iwwert den Afloss vun den neie Medien op d’Aart a Weis, wéi mir Informatioune verschaffen a wéi mir léieren.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.