Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.

Apropos Referendum vum 7. Juni:

- Sinn et déi richteg Froen a wierklech e Méi un Demokratie?
- Firwat den Auslänner d'Wahlrecht ginn?
- Si Jonker mat 16 politesch räif genuch?
- Ass e Minister no 10 Joer eidel?
- Wat sinn déi demokratesch Defiziter vum Land?

3 mol Jo oder Nee, dat ass et, mä ass et einfach? D'Wieler-Tendenz geet Richtung dräi mol Nee, firwat sou kloer, wouhier den Ëmschwonk? Just Anti-Regierung-Stëmmung? Sinn d'Froen richteg gesicht, gestalt an erkläert? Ass dëse Referendum wierklech e plus un Demokratie a wat sinn déi eigentlech Demokratie-Defiziter vum Land? Dat diskutéiere Politiker Experten a engagéiert Bierger.

INVITÉEN

1) Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler, deem seng Partei dräimol Nee seet.

2) De Justizminister Felix Braz, dee kloer fir dréi mol Jo a méi Basis-Demokratie steet.

3) De Professer Luc Heuschling,Spezialist am Droit Constitutionnel, also Verfassungs-Rechtler, dee mat der Uni iwwer Land op Opklärungstour war.

4) D'Danièle Igniti, Kulturschafend, déi sech konsequent fir Chancëgläichheet, Rechter vu Minoritéiten an en oppent Lëtzebuerg asetzt.

5) De Fernand Kartheiser, ADR, fir deen d'Wahlrecht exklusiv un d'Nationalitéit gebonnen ass - wie matstëmme wëll, soll Lëtzebuerger ginn.

6) De Claude Biver, jonke Politolog a Soziolog, deen d'Lëtzebuerger Aktualitéit och als Blogger analyséiert a kommentéiert.

7) De Sergio Ferreira,Spriecher vun der ASTI an ee vun deenen, iwwert deem seng Rechter mir ofstëmmen: een am Grand-Duché intégréierten Auslänner.

8) De Geosprofesser Fred Keup, dee resolut géint d'Auslännerwahlrecht engagéiert ass an d'Plattform Nee2015 gegrënnt huet.