Rendez-vous um Sonndeg den Owend um 18 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.

35'000 oder dräimol méi potentiell weider Wieler am Fall vum Auslännerwahlrecht? Matzen an der Campagne ass en Zuelesträit opkomm. Firwat sou spéit, wéi sinn d’Statistiken z’interpretéieren an zestane komm, wat si Pro- a Kontra-Argumenter zu den 3 Froen? Dat diskutéiere Vertrieder vun de Chamber-Parteien!

A 14 Deeg ëm dës Zäit misste mir wëssen op et 3 mol jo, 3 mol nee, 2 mol jo an 1 mol nee, 2 mol nee an 1 mol jo gëtt? Beim OPziele vun de Varianten gëtt een e bëssen dronken, mä d’AUSziele misst hoffentlech einfach, an och séier ze maache sinn.

Zäit braucht et awer fir iwwert all d’Argumenter dofir an dergéint bei den 3 Referendumsfroen ze diskutéieren. Zäit déi mir ons dann och fir en zweeten Kloertext Spezial huelen, woubäi eng Fro, genee an der Hallefzäit vun der Campagne déi ass op des effektiv ze kuerz ugesat war, a wéi gutt se bis elo gelaf ass! Ier een ufänkt ze diskutéieren, misst ee jo u sech och genee wësse wouriwwer ee schwätzt.

Wat d'Auslännerwalrecht betrëfft ass dat awer net esou evident wa matzen an der Debatt nei Zuelen opkommen, ass dat scho gelungen. Mir ginn Explikatiounen zu Statistiken, historesch Hannergrënn héieren Temoignagen vun net Lëtzebuerger oder Jonken,  an diskutéieren am Studio an enger reng Parteipolitescher Ronn Pro a Kontra.

INVITÉEN

1) Nei an der Chamber, den David Wagner vun dei Lenk, mat engem kloere JO zu méi Demokratie, awer Nuancen zu de Froen !

2) 3 mol JO ouni ze zécken, fir den DP-Fraktiounschef Eugène Berger apaart gäre bei senger Häerzens-Fro: Wahlrecht ab 16!

3) Grad esou iwwerzeegt an absolut ass den 3 mol NEE vu sengem Vis-à-vis , dem ADR-Deputéierte Gast Gibéryen

4) Bei der Stater Schäffen a Juristin Sam Tanson, déi fir Déi Gréng an de Staatsrot geet, ass et och de  JO zu méi Referenden!

5) Opgepasst! Ier der e Kräiz maacht, seet d’CSV, hire President Marc Spautz wäert d’Bedenke, an den 3 fache NEE begrënnen !

6) Jurist a Politiker mat Jorzéngten Erfahrung, och den LSAP Fraktiounschef Alex Bodry ka säi JO kloer argumentéieren.