Thema: National Identitéit
Rendez-vous war um Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.
An de leschte Woche mécht sech en allgemenge Vertrauensverloscht vum Vollek a seng Politiker breet - e Vollek, dat an e puer Deeg säin nationalen Dag féiert. Ma och 2015 stellt sech nach ëmmer d'Fro, wat Lëtzebuerg als Natioun ausmécht. Vill ass an der ganzer Referendumsdebatt iwwer ons Identitéit gestridde ginn, am Kloertext wëlle mer versichen erauszeschielen, wat ons ganz ureege Charakteristike sinn a wat un de Lëtzebuerger besonnesch ass.
LIVESTREAM: Den 1. Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg live kucken!
Et hu matdiskutéiert:
Jean Asselborn - Dem populäerste Politiker am Land, deen et gutt vu banne kënnt an als Ausseminister och no bausse vertrëtt.
Emile Haag - Geschicht geléiert huet de Proff an Direkter Emile Haag, als CGFP-President gehéiert hien zu deenen, déi d’Géigewaart matprägen.
Robert Garcia - Ons politesch a kulturell Identitéit matgestalt a -verännert huet de Robert Garcia, Direkter vun de fuschneie Bouneweger Rotonden.
Fred Keup - E Land definéiert sech och iwwert seng Geographie, dem Fred Keup säi Fach; en Numm gemaach huet hie sech mat Nee soen.
Myriam Muller - An zwou Kulturen a Sproochen doheem - franséisch a lëtzebuergesch - ass d’Actrice an Theaterdirektesch Myriam Muller.
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.