Thema: Jonker mat psycheschen a soziale Problemer
Rendez-vous war Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.
Wat sinn ons eis Kanner a Jonker wäert? Hir Zuel wiisst rapid, ëmmer méi hu serieux psychesch a sozial Problemer. Mir hunn e Film gewisen iwwert eng aussergewéinlech Therapie an Afrika a kucken, wat hei am Land un Hëllef méiglech ass a wat feelt.
Invitéen:
BEATRICE KIEFFER
Juge-Directeur, Jugend- an Tutelles-Geriicht
NICO MEISCH
1. Regierungsrot, Koordinator Departement Kanner a Jonker Éducatiounsministère
DR GERHARD RISTOW
Psychiater Kanner a Jugend Psychiatrie, Hôpital Kierchbierg
JENNE RIEMANN
Diplom-Sozialpädagog "Kinder und Jugendhilfe im Blick" Film:
Am leschte Kloertext vun der Saison just virun der Summervakanz huele mir Iech mat an Afrika, an Namibia, fir genee ze sinn, op eng komplett entleeë Farm, matzen an der Brousse! Et handelt sech awer dobäi net ëm en Reestipp fir Leit, déi komplett Rou an der Hëtzt sichen, mä eng therapeutesch Farm, wou Jonker, déi serieux psychologesch a sozial Problemer hunn, vun enger ganzer Equipe vu Professionelle betreit ginn, fir do lues ze léieren, nees mat sech an dem Liewen an der Gesellschaft eens ze ginn.
De Film erzielt d'Geschicht vun engem jonke Lëtzebuerger, dee vum Jugend-Geriicht duer plazéiert gouf. De Film weist firwat a wat en do geléiert huet a wéi et him duerno gaangen ass.
Debat:
Nom Film hu mir am Studio mat Invitéeën diskutéiert, déi sech alleguerten an hirem Beruffsalldag fir Jonker asetzen - sief dat als Psychiater, als Jugendriichter, als Conseiller a Coordinateur am Ministère oder als Sozialpädagog, deen an enger Jugend-Hëllef schafft.
Mat hinnen hu mir doriwwer geschwat, wourunner et feelt hei am Land, ginn der Fro no, wat ons Kanner a Jonker eis wäert sinn ...
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.