Rendez-vous war e Sonndeg den Owend um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun dono och am Replay ze fannen ass.

Et gëtt kee Grondrecht op e bessert Liewen, esou den ungaresche Regierungschef Viktor Orban. Den EU-Kommissiounspresident Juncker beklot de Manktem u Solidaritéit mat de Flüchtlingen an dass et net méi genuch Unioun an der Unioun gëtt, iwwerdeems zu Lëtzebuerg säi fréieren CSV-Kolleg an Ex-Chamberpresident Mosar mengt: Et kéint dach net sinn, dass Europa de Sozial-Bureau vun der Welt gëtt!

E puer Aussoen, déi d'Komplexitéit vun der aktueller Kris illustréieren, iwwerall an Europa gëtt no de richtegen Äntwerte gesicht, ass et eng Mëschung aus Matgefill a Generositéit, awer och Angscht an Ofwierreaktiounen, dem Gefill, iwwerrannt ze ginn, net ze wëssen, wie kënnt, wie bleiwen däerf ...

Wat ass e legitime Grond, Asyl unzefroen, just wa Bomme falen? Gëtt et gutt a schlecht Flüchtlingen? Si Wirtschaftsflüchtlingen nëmme Profiteuren? Wéi vill Mënschen kënne mir ophuelen - ass dat e Prozentsaz oder e Gefill? Wéi vill Angscht virum Islam an dem Verloscht vun der eegener Identitéit ass derbäi, wéi reell ass d'Gefor vun Terrorismus, wie muss sech wiem upassen - déi di kommen, déi di ophuelen? Wéi kann ee verhënneren, dass d'Stëmmung kippt, wéi verännert déi massiv Well u Migranten ons Gesellschaft? A ka se och eng Chance sinn?

Iwwer all dës Froen hunn diskutéiert:

Corinne Cahen
Ministesch fir Famill an Integratioun
Wëll Opfaangstrukture massiv ausbauen

Marc Crochet
Generaldirekter-adjoint Rout Kräiz
Seet, mir sinn et ons selwer schëlleg ze hëllefen

Vally Berdi
Ass mat 8 Joer aus Jugoslawien op Lëtzebuerg komm
Huet sech schonn an den 90er fir Flüchtlingen agesat

Jeannot Ries
RTL Journalist / Reporter
War als Reporter op de Grenze vu Griicheland, Libanon, Syrien, Mazedonien, Serbien an Ungarn

Fernand Kartheiser
ADR-Deputéierten
Warnt viru massiver Immigratioun!

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.