Keen Dag ouni Accident op Lëtzebuerger Stroossen, a leider och nees ganz vill Doudeger! Musse mir ons dermat offannen oder nei Léisunge sichen?

Accidenter: Problem vu Mentalitéit an Erzéiung?
Solle jonk Automobiliste manner PS fueren?
Brauch et méi Repressioun a Kontrollen?
Technik: Wéi eng Autoe fir sécher Stroossen?

Keen Dag ouni Accident op Lëtzebuerger Stroossen, a leider och nees ganz vill Doudeger! Musse mir ons dermat offannen oder nei Léisunge sichen?

THEMA

Mäin Auto, meng Fräiheet ! Vill gesinn dat esou, mä d'Realitéit op de Stroossen ass eng aner: ëmmer méi Immobilitéit wéi Mobilitéit an och Aggressivitéit um Steier, ëmmer nach vill ze vill Accidenter an Doudesaffer! Wat brauch et, fir richteg Verkéierssécherheet, wat si mir bereet ze bezuelen fir ons Mobilitéit?

INVITÉEN

BEN HOSCHETTE
De jonke Mann huet virun 2 Joer seng Schwëster verluer wéi en aneren Automobilist a si gerannt ass.

FRANCOIS BAUSCH
Den zoustännege Minister fir Transport an Infrastrukturen huet u sech d’Visioun null: null Doudeger op onse Stroossen.

PASCAL BECKER
Onsen Hausspezialist fir alles mat vill Päerd a Rieder schwätzt awer net just iwwer de Pleséier um Fueren.

TOM WAGNER
Zanter 13 Joer Fahrlehrer fir Autoen a Motoen, hie weess, wat seng Schüler oft genuch net wësse wëllen.

YANNICK CRUZ
D’Risiken am Stroosseverkéier kennt och de Beruffspompjee, via Petitioun wëll hien d’Stäerkt vun den Autoen un den Alter bannen.

SI DISKUTÉIEREN IWWER:

Een, dee sech op de Wee mécht, ganz banal wéi all Dag, an deen ni ukënnt ... d’lescht Joer hu 35 Mënschen hiert Liewen gelooss op onse Stroossen, elo si mir scho bei bal 30.

Ass dat de Präis, dee mir fir ons Mobilitéit bezuele mussen, bezuele wëllen? Firwat ass et sou schwéier, apaart schro Accidenter ze verhënneren? Ass et e Problem vu Mentalitéit, Verhältnes zum Auto? Wéi wäit bereet onse Führerschäin op d’Realitéit an d’Geforen am Verkéier vir, grad bei Jonken? Sollt wéi bei de Motoen och bei Ween d’PS-Zuel déi éischt Jore limitéiert sinn? Wat brénge Vitesse-Limitatioune bei Leit, déi rennen, egal wat um Schëld steet? Si Beem wechhaen a méi Radaren d’Léisung? Braucht et méi Repressioun a Polizeipräsenz oder méi a méi frei richteg Verkéierserzéiung? A wéi wäit droen och di vill Stauen an ëmmer méi iwwerfëllt Stroossen zu Aggressivitéit a Risikoverhale bäi? Firwat sinn ons Gefierer sou wäit wech vun dem, wat mir bräichten: sécher, spuersam am Verbrauch a keng Knaschtschleidere fir d'Ëmwelt?

Komplex Diskussioun, déi ons all all Dag betrëfft ...

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.