Thema: Liewen a stierwen - den Ëmgang mam Doud
Op Allerhellege beliichte mir déi lescht Etapp an eisem Liewen: Mir schwätzen iwwer Doud a Stierwen, mä zemools iwwert de Sënn vum Liewen.
Un déi Verstuerwen denken, dat ass de Sënn vum 1. November, vun Allerhellgen, deem Dag, op deem d'Famillen op de Griewer stinn an zesummekommen, eng Traditioun bei ons am Land, ee vu de wichtege Ritualer vun onser Aart a Weis, mam Doud ëmzegoen - mä wat ass mam Rescht vum Joer? Wéi hu mir et do mat Doud a Stierwen? Wéi bewosst setze mir ons domat auserneen, wéi wäit ass et nach en Tabu, dat mir géint bessert Wësse verdrängen?
Stierwen dinn d'Mënschen nëmme méi seelen doheem, déi meescht am Spidol oder engem Fleegeheem.
Dass d'Stierwen déi lescht Liewensetapp ass, déi ee gestalte kann, wou een net eleng muss sinn, déi esouguer liewenswäert si kann, dofir setzt sech Omega 90 an. Mir weisen iech e Film, dee bei Geleeënheet vum 25. Anniversaire produzéiert gouf, duerno schwätze mir am Studio iwwer Doud a Stierwen, mä zemools iwwert de Sënn vum Liewen, an dat mat dësen Invitéeën:
Danie Schalz
No Joren an den Urgencen an duerno an der Kriibs-Therapie schafft d'Infirmière Danie Schalz elo am 5. Joer am Haus Omega, eng Aarbecht, déi si erfëllt - vun där si seet, dass si elo ukomm ass!
Romain Richer
Als Kaploun begleet de Romain Richer Mënschen an all de Liewensetappe bis zum Schluss, als Aumônier vun de Jong-Baueren a Jong-Wënzer vermëttelt hie virop Wäerter wéi Solidaritéit!
Henri Grün
Den Doud ass mat onsem Verstand net ze erfaassen, mä jiddereen huet e Recht op en Enn an Dignitéit an eng Begleedung beim Stierwen, seet de Psycholog an Direkter vun Omega, Henri Grün
Pol Greisch
Doud a Vergänglechkeet sinn Themen, mat deene sech den Auteur Pol Greisch ausenanersetzt, hien huet u seng Mamm e laange Bréif verëffentlecht – no hirem Doud, schreiwen, wat net gesot gouf ...
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.