Zanter Freiden den 13. ass net just am Frankräich Ausnamezoustand, mee wat sinn d’Ursaachen, wéi kënne weider Attentater verhënnert ginn?

Wéi grouss ass d'Gefor bei ons ? Wéi wäit verännert deen Terrorismus onsen Alldag, onst Zesummeliewen – wéi vill si mir all bereet a Kaf ze huelen, fir ons Sécherheet, wat sinn di politesch Konsequenzen , a wat bedeit di ganz Diskussioun ëm d'Burka an dem Zesummenhang?

Invitéiert um Sonndeg:

Etienne Schneider ( LSAP)

Vize Premier , Verdeedegungsminister

Minister fir bannenzeg Sécherheet

RTL

Laurent Mosar ( CSV)

Deputéierten

Vize President Commissioun Aussepolitik ,Défense, Immigratioun

RTL

Sam Tanson ( déi gréng)

Staatsrot  , 1t Schäffen Staat Lëtzebuerg

Fréier Presidentin déi gréng

RTL

Georges Oswald

Procureur d ‘État adjoint

RTL

Yves Boden

Vertrieder Shoura ( Assemblée moslemesch Communautéit)

Ass mat 21 Joer zum Islam konvertéiert

RTL

Petz Bartz

RTL Journalist a Reporter

Huet d’ Attentater zu Paräis couvréiert

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.