195 Staate wëlle bis Enn vum Jorhonnert d’Welt CO2-Emissiounsfräi hunn. Realistescht Zil oder just Symbol a weidert Opschuppen vu Léisungen?

Braucht et e radikalen System- Wandel oder sinn nei Techniken d’Rettung?  A wat muss zu Lëtzebuerg geschéien? Wéi ass de Klimawandel politesch ze stoppen? Braucht et en  Enn vum Wuesstem a fossile Brennstoffer?  Wéi eng Léisungen komme vu Wëssenschaft an Industrie? Wat kënne d’ Bierger bewierken?

Invitéiert um Sonndeg:
Katy Fox

Anthropologin / Transition - Town Beweegung
Grënnerin CELL (Zentrum fir ekologescht léieren)

RTL

© Eric Steichen / RTL

David Wagner

Deputéierten déi Lénk
Studéierten Historiker, Journalist

RTL

© Eric Steichen / RTL

Paul Kauten

Administrateur Energie Park Reiden / Eida
Energie- Beroder

RTL

© Eric Steichen / RTL

René Winkin

Generalsekretär Fedil (an nominéierten Direkter)
Generalsekretär Groupement Pétrolier

RTL

© Eric Steichen / RTL

Robert Goebbels

fréieren Wirtschafts- Bauten- an Energie- Minister
laangjäregen LSAP -Europadeputéierten

RTL

© Eric Steichen / RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, op Niklosdag fänkt en ausnahmsweis schonn um 18.25 Auer un.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.