De Prënz Louis konnt bis 10 Joer net liesen an hat e laange Leidenswee als Dyslexiker! Seng Mamm, d’Grande-Duchesse, wëll elo opklären an Tabue briechen.

Et gëtt Kanner, déi sech schwéier di mam Léieren an déi ugebuere Léierschwieregkeeten hunn, déi ouni Therapie net ze meeschtere sinn.

Wat feelt zu Lëtzebuerg fir besser Präventioun a Behandlung? Temoignagen an Äntwerten och vun der Grande-Duchesse, als Mamm vu engem Kand mat Dyslexie!

De Samschdeg, 30. Januar 2016 ass den 1. nationale Forum iwwert sougenannt "troubles d’apprentissage" mat Virträg a Workshope vun nationalen an internationalen Experten. Geduecht ass de Forum fir e Public vu Professionellen, virop aus dem edukative Beräich, a concernéierte Leit natierlech.

Eng dreiwend Kraaft hannert deem Forum ass d’Grande-Duchesse. Si ass extrem motivéiert an dat och aus perséinleche Grënn. Am Virfeld vun der Sendung hu mir en Interview mat hir opgeholl, an éier mir an der Ronn diskutéieren, kucke mir ons deen zesummen un!

Invitéiert waren:
Mario Huberty

President Dysphasie.lu
Papp vun engem Jong mat Dysphasie

RTL

Daniela Kirch

Léierin
Mamm vun engem Jong mat Dyslexie

RTL

Pascale Engel de Abreu

Psychologin a Professeur associée Uni Lux
Fuerscht un neurologeschen Entwécklungs-Steierungen a Multiliguismus

RTL

Cathy Mangen

Direktesch SCAP
Service fir Psychomotoresch an Opmierksamkeetssteierungen

RTL

Diane Marx

Léierin a Sonderpädagogin
Huet zu Beetebuerg Leier-Zentre geschafen

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.