Thema: Wéi hu mir et mat Relioun a Wäerter?
Virun engem Joer gouf d’Konventioun tëscht de Culten an dem Staat ënnerschriwwen. Dëst ass d'Grondlag fir den neie Wäerteunterrecht hei zu Lëtzebuerg.
Déi nächst Rentrée an de Lycéeë kënnt de gemeinsame Wäerteunterrecht. Weder d'Kierch, nach d'Proffen oder Laiziste si vum neie Fach iwwerzeegt!
Wéi eng, wéi, a vu weem solle Wäerter vermëttelt ginn? Wat ass iwwerhaapt d’Roll vun de Reliounen an onser Gesellschaft? A gëtt et eng Trennung vu Kierch a Staat?
Dorëm goung et am Kloertext dëse Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu.
Invitéiert sinn:
Jean Ehret
Bëschofsvikar
Vertrieder vun der kathoulescher Kierch a vum Conseil des Cultes
André Hoffmann
Pensionéierte Philos- a Morals-Proff
Fréieren Deputéierte fir "déi Lénk"
Paul Galles
Theolog a fréiere Paschtouer, aktuell Jugend- a Sozialaarbechter
Vertrieder “Fir de Choix“
Lynn Lepasch
Presidentin ALPE, d'Associatioun vun den Ethiksproffen
Enseignéiert Ethik
Jean Marie Weber
Proff a Fuerscher op der Uni.lu
Schafft de Cours fir d'Schoulmeeschteren am Cours unique aus
Huet Theologie, sozial Kommunikatioun a Psychoanalyse studéiert
Laurent Schley
President AHA
Vetrieder vum CCAL, der Corporatioun vun de laizisteschen Associatioune Lëtzebuerg
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.