Grexit, Flüchtlingen, Brexit, Aarmdrécke mat der Tierkei an intern zerstridde vu Sommet zu Sommet ouni Léisung! Dat war de Sujet e Sonndeg um 18 Auer.

Packt Europa seng Dauerkrisen? Sinn déi extern oder och hausgemaach, wéi seriéis ass d'Gefor, dass den europäeschen Dram zerbrécht?

Dreemen deet eng Festung Europa, mat pickegem Drot no baussen an nees aféieren vu Grenzen no bannen, kee méi! Seng Politiker siche verzweiwelt Weeër aus den Dauer- Krisen a si méi oneens wéi jee! Wéi grouss ass d'Gefor dass alles an d'Bréch geet? Wat d'Léisungen?

Et feelt net just un Unioun an un Europa an der EU, et feelt virun allem nach um Glawen un de Projet Europa a Visiounen a gemeinsame Strategien, fir aus der Kris ze kommen. Oder besser gesot, de Krisen, déi zu engem Dauerzoustand gi sinn: D'Opreegung ëm Euro a Grexit ass verblatzt, och wann am Fong och do näischt wierklech geléist ass. Et brennt einfach méi hefteg op ville anere Fronten an d'Staats- a Regierungschefe renne vu Sommet zu Sommet, vun Deklaratioun zu Deklaratioun, mä well déi 28 sech net eens sinn an och nach intern an extern Chantage gemaach gëtt, wierkt et wéi Leit, déi an engem Boot setzen, wat ënnergeet a versiche mat der Hand Waasser raus ze kréien.

Sinn dat alles just extern Krisen oder läit de Feeler am System? Kann esou a mat deenen 28 kee Konsens méi fonnt ginn? Europa als Festung fir intern oppen ze bleiwen, ass dat d'Léisung? Oder ass Schengen schonn um Enn an domat d'Grondiddi vun der Unioun? Befreiungsschlag vum Negativ-Image vum Steier-Schmarotzer?

RTL

© Eric Steichen

D'Invitéeën um Sonndeg waren:
De Jean-Claude Juncker, President vun der EU-Kommisisoun, an engem Eenzelinterview.

Jean Asselborn
Ausseminister

Viviane Reding
Europadeputéiert (CSV)
Fréier Vizepresidentin EU-Kommissioun

Charel Goerens
Europadeputéierten (DP)
fréieren Ëmwelt a Verdeedegungs-Minister

Claude Turmes
Europadeputéierten ( déi Gréng)

Fernand Kartheiser
Deputéierten (ADR)

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg. Dës Kéier hat d'Emissioun schonn um 18 Auer ugefaangen.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.

RTL