No Lux-Leaks e positiven Image per Marketing, geet dat? Muss e Land verkaf ginn? Dorëm goung et dëse Sonndeg am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu.

Kann een e Land wéi e Produit verkafen?
Renge Marketing oder dat, wat mir sinn?
Wéi gi mir gesinn, wat mécht ons aus?
Ass Nation Branding Anti-Lux-Leaks-Campagne?

Oppen, dynamesch, fiabel - besser wéi ze lues a net ze trauen, mä ass dat Lëtzebuerg? Via Nation Branding solle Geschäfter an Touristen ugezu ginn. No Lux-Leaks e positiven Image per Marketing, geet dat? A muss e Land verkaf ginn?

Ouni Bild existéiers de net méi am globaliséiert-mediatiséierten 21. Joerhonnert, mä och fir Länner schéngt d'Existenz well vum Bléck vu deenen aneren ofzehänken! Woubäi de Lifting vum Image manner mat Eitelkeet wéi mat Geschäft ze dinn huet ... Vun de groussen incontournabelen ofgesinn, sinn d'Staate all a knallhaarder Konkurrenz  fir Investisseuren, Aarbechtskräften an Touristen unzezéien! Schonn an den 90er war un onser Image de Marque poléiert ginn, zanter 2013 gëtt systematesch um Branding geschafft!

Muss, ka, soll een e Land wéi e Produit verkafen? Kann een eng Marque erschafen? Wéi wäit mussen Inhalt a Verpakung iwwerenee stëmmen? Ass et renge Marketing oder huet et och mat deem ze dinn, wat mir sinn? A wat mécht ons aus ? Si mir ons eens? Wéi gi mir gesinn, wéi vill ass et eng Wäisswäschaktioun no Lux-Leaks, de Befreiungsschlag vum Negativ-Image vum Steier-Schmarotzer?

Dat diskutéieren mir mat dësen Invitéeën:
Francine Closener, Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, zoustänneg fir de Nation Branding, dee si als e Prozess beschreift, dee sech net op eng Campagne resüméiert an wou si och d’ Bierger wëll mat abannen.

Den CSV-Deputéierten a fréieren Minister Michel Wolter, deen als Buergermeeschter d'Gëlle Fra um Wee vu Shanghai op Käerjeng geholl hat an deen 2006 eng Initiativ lancéiert huet, fir dass de roude Léiw onse National-Fuendel soll ginn.

Den Nicolas Buck, "dynameschen" Entrepreneur an neie President vun der Industrielle-Federatioun, dee fënnt, dass Lëtzebuerg am Prinzip alles huet, wat et brauch fir eng modern Natioun, mä et nach un Zesummenaarbecht a Glawen un ons selwer feelt.

De Marc Baum, Partei-Spriecher a parlamentaresche Mataarbechter fir déi lenk an Acteur a Grënner vum Kënschtler-Kollektiv ILL, dee sech via Parodie kritesch mam Nation Branding am Stéck "Independent Little Luxembourg" auserneegesat huet.

Den Diplomat Alphonse Berns, fréieren Ambassadeur ë.a. zu Washington, London oder Bréissel bei NATO, UNO oder Welthandels-Organisatioun an u viischter Front während der Lux-Leaks-Affaire als deemolegen  Direkter fir Steierfroen am Finanzministère.

An dee Mann, dee sécher zu deene gehéiert, déi als éischt mat Lëtzebuerg am Ausland associéiert ginn, den "Tour-de-France"-Gewënner Andy Schleck, eng Marke fir sech a Markenzeeche vum Land, an dat och haut nach nom Enn vu senger Vëlos-Carrière.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.