Et ass deen Herbizid, dat Planzegëft, dat am meeschten op der Welt benotzt gëtt, ob fir Soja-, Mais- oder Rapsfelder.

Et fënnt een et och an de Bidonen, déi mir kafen, fir d’Onkraut am Gaart ze bekämpfen. Mä de Roundup ass zënter enger Zäitchen am Kräizfeier vun der Kritik. Well de Glyphosat, eng vu senge Komponente, steet am Verdacht, fir souwuel de Déieren, wéi och de Mënschen ze schueden.

An Argentinien, deem weltwäit drëttgréisste Produzent vu planzleche Liewensmëttel, sinn d’Zuele vu Kriibs an den Agrarzonen explodéiert, zënter dass mat Glyphosat gesprëtzt gëtt. Am meeschte betraff sinn d’Kanner. A verschiddenen Dierfer sinn d’Majoritéit vun de Famillje mat Fäll vun Handicap getraff. An Europa ginn et ëmmer méi Béischten, déi mat deem importéierte Soja gefiddert ginn, déi genetesch Mutatiounen opweisen.

Eng Equipe vu Journalisten, ënnert der Leedung vu CapaTV huet a Frankräich, an Argentinien an an Dänemark eng Enquête iwwert déi controverséiert Substanz gemaach, bei Chercheuren an Affer. E Bléck hannert e Schleier, wou Industriegeheimnisser an Interessekonflikter zur Norm gehéieren.

Den Documentaire ass vum Pierre Morel.

Dono diskutéiere mir mat dësen Invitéen:
FERNAND ETGEN
Lëtzebuerger Landwirtschafts- a Verbraucherschutzminister

RTL

CLAUDE TURMES
Europadeputéierten fir Déi gréng

RTL

CAMILLE SCHROEDER
President vun der Bauerenallianz

RTL

FRANCIS JACOBS
Biobauer fir Mëllechkéi an Akerbau

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg (18.30 Auer, Ausname méiglech) op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.