Thema: Famill "à la carte"?
Hautdesdaags gëtt et all méiglech Forme vu Famill. Heescht dat, dass déi traditionell u Wäert verléiert?
Dat wat esou logesch kléngt, ass net esou einfach ëmsetzen: sech am Gudden trennen, och wann d’Koppel keng méi ass, nawell gemeinsam Elteren a Famill bleiwen! A Famill, dat gëtt et haut an den ënnerschiddlechste Varianten: vu klassesch Papp-Mamm-Kand, bei ëmmer méi dacks "Een eleng mat Kand", Patchwork mat Stéifelteren a Stéifgeschwëster, oder och Papp- Papp, Mamm-Mamm a Kanner, an déi komme wuel nach all aus engem Bauch eraus, mä net méi forcément deem vun der Mamm... dat nennt ee komplex Familljeverhältnisser!
Virun allem bedeit et eng enorm Erausfuerderung un Elteren, Politik, Justiz a sozial Institutiounen fir alle Bedeelegte gerecht ze ginn.
Woubäi schonn ouni modern Varianten a medizinesch nei Méiglechkeeten eleng d’Reform vum Divorce zu Lëtzebuerg eng schwéierst Gebuert war. Lo ass de Bébé do. Mir diskutéiere wéi schéin en ass mat Vertrieder vu Politik, Magistratur, Fraen a Kannerrechtsorganisatiounen.
D'Invitéen um Sonndeg sinn:
FELIX BRAZ
Justizminister

MARC SPAUTZ
CSV President a fréiere Familljeminister

ALEXANDRA HUBERTY
Presidentin Chambre Divorce Tribunal Lëtz.

RENE SCHLECHTER
President ORK
Ombudscomité fir d’ Rechter vum Kand

ANIK RASKIN
Direktesch CNFL
Nationale Fraerot

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.