Thema: Brexit - Ufank vum Enn oder Neistart?
Déi Fro kann ee mat enger typescher Jo-Nee Äntwert, wéi mer se all ze gutt vum Jean-Claude Juncker kennen, beäntweren.
Just muss de Kommissiounspresident scho méi maachen, wéi just soen , de BREXIT ass net den Ufank vum Enn, mä eng Chance fir e neit, e bessert Europa!
Dräi Deeg nom Referendum schénge vill Brite sech eréischt bewosst ze sinn, dass se vläit e Selbstgoal geschoss hunn, dee si aus der EU eliminéiert. Och, wann a gudder britescher Traditioun bis zum Schluss d’ Nerven strapazéiert an lo op Zäit gespillt gëtt.
Ouni offiziellt areechen, keng Scheedung. Wéini weess keen, a kee kann d’Briten zwéngen, wat eng typesch europäesch Geschicht ass, wou en Text nëmmen eesäiteg Rechter virgesäit: et däerf ee goen, mä et kann ee keen eraus geheien .
Wéi haart gëtt verhandelt, op d'mannst um Enn keng Extrawurscht? Am Kloertext vun dësem Sonndeg diskutéiere mir iwwert Konsequenze vum Referendum.
D'Invitéen um Sonndeg sinn:
Jean Asselborn
Ausseminister (LSAP)

Lisa MC Lean
Schottin, Managing Directer Radio City Ara

Luc Frieden
Fréieren CSV Finanzminister

Petz Bartz
RTL-Journalist

Frank Engel
CSV Europadeputéierten

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.