Thema: TTIP/CETA Gefor oder Chance ?
Méi Aarbechtsplazen a Wuesstem an Europa a besser Chancen um Weltmaart duerch Fräihandelsaccorden?
Oder Verloscht vun Demokratie manner Schutz fir d’ Bierger a manner Rechter fir Staten zu Gonschten vun de grousse Multinationale Konzerner? Mir diskutéieren Pro a Kontra TTIP an CETA!
Bayer wëll Monsanto kafen fir ronn 60 Milliarden Euro um Enn leeft et drop raus dass et am Secteur just nach 4 Risekonzerner ginn, hautzedaags muss ee Global Player, dat gëtt net just fir Entreprise mee och fir Staate gesot, eleng kéint kee méi bestoen et muss ee sech zesummendoen ! Zum Beispill a Fräihandelszonen! D’ USA an d’EU tauschen all Dag Wueren an Déngschtleeschtungen am Wäert vun 2,7 Milliarden Euro , zesummestelle se grad 12 % vun der Weltpopulatioun, erwirtschaften awer iwwer 50% vum Weltsozialprodukt – nach - well d’ Tendenz ass réckleefeg aner Länner virop an Asien huelen op ! Fir do net ënnerzegoen, brauche mir TTIP en Transatlantescht Handels- an Investitiouns-Partenariat , dat bréngt Wuesstem an nei Aarbechtsplazen, soen déi eng , et ass eenzeg an eleng am Intressi vun de Grousskonzerner zu Laaschte vun de Bierger, mengen d’Kritiker !
Ass TTIP eng Gefor fir Demokratie ? Oder sinn d’Kritiker a Feindbiller verrannt a verstinn d’Regelen vum Welthandel net, oder lauschteren d’Politiker trotz massivem Protest net méi op hir Bierger a vergiessen hir Intressen ? TTIP a CETA, den Accord mat Kanada, eng Chance, déi net däerf verpasst ginn oder e Risiko, dee muss verhënnert ginn, dat hu mir mat dësen Invitéen diskutéiert :
Dem Mann dee net just elesten Diplomatiechef an der Eu ass mee och zoustänneg fir den Dossier TTIP / CETA, de Jean ASSELBORN

Der Blanche WEBER, Spriecherin vun der Plattform Stop TTIP a Presidentin vum Mouvement Écologique

Dem Direkter vun der industrielle Federatioun déi dem Ofkommes positiv géintiwwer steet : René WINKIN

der Damm di am OGBL zoustänneg ass fir Finanz a Wirtschaftsfroen an och den TTIP a Member vun der Plattform : Véronique Eischen

an dem Vizepresident vun der zoustänneger Chamberkommissioun dem CSV Deputeierten Laurant MOSAR.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg. Dës Editioun fänkt awer ausnahmsweis um 18.25 Auer un.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.