Thema: Lëtzebuergesch zum Ausstierwe verdaamt?
Petitioun 698 wëll d'Lëtzebuergescht zu der éischter nationaler Amtssprooch maachen. Ma wéi erkläre si hire formidabele Succès a wat stécht dohannert.
Iwwer 3 Mol esou vill Ënnerschrëften, wéi néideg...
D'Petitioun 698, déi seet, d'Lëtzebuergescht soll éischt National- an Amtssprooch ginn, brécht all Rekorder. Wéi een Nerv ass do getraff? Wéi erkläert sech d'Angscht vum Ausstierwe vun onser Sproch? Ass se a Gefor a wéi soll se gestäerkt ginn? Op déi Froe probéiere mer mat eisen Invitéeën eng Äntwert ze fannen.
Invitéeën
Lucien Welter
Auteur vun der Petitioun 698

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Claude Wiseler
Fraktiounschef vun der CSV

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Alex Bodry
Fraktiounschef vun der LSAP

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Fred Keup
Grënner vun Nee2015/Wee2050

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Anne Simon
Fräischaffend Theater-Regisseurin

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
David Wagner
Deputéiert vun "déi Lénk"

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg. Dës Editioun fänkt um 18.27 Auer un.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.