Thema: E Recht op Fleeg an Dignitéit?!
Eng Reform soll d'Fleegeversécherung ofsécheren a Qualitéit garantéieren, ouni ze spueren! Geet dat?
Weder d’COPAS, nach d’Patientevertriedung gleewen, dass d‘Reform vun der Fleegeversécherung de System ofséchere kann, ouni dass op Käschte vum Client an der Qualitéit gespuert gëtt. Mä geet dat? Wat soen d'Acteuren um Terrain, wat bedeit et, fir op Fleeg ugewise sinn oder de Partner, d'Elteren oder Kanner ze fleegen?
Mir hu Pro a Kontra dikutéiert a gesinn, wéi schwéier et ass, fir ofhängeg an op Fleeg ugewisen ze sinn oder wat et bedeit ee Member vu senger Famill ze fleegen!
E Sonndeg huet d'Emissioun schonn um 18.00 Auer ugefaange, well mer fir d'éischt e Film gewisen hunn an duerno den Debat. E Film iwwert eng ganz aussergewéinlech Famill, déi et fäerdeg bruecht hunn, trotz schwieregen Ëmstänn hir Freed um Liewen an och hir Famill ze erhalen.
Invitéen
Jean Marc Scheer
Vizepresident ASBL "Wäertvollt Liewen"

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Romain Schneider
Sozialminister

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Marc Fischbach
President COPAS (Daachverband Prestatairen Fleegesecteur)

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Michèle Wennmacher
Psychologin Patientevertriedung

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Marianne Zigrand-Muller
Fleegt hire Mann doheem

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Steichen
Ed Zigrand
Fréiere Chef vun de Kameraleit vun RTL Télé Lëtzebuerg

© RTL Télé Lëtzebuerg / Eric Ebstein
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.