Den amerikanesche Fuerscher Jeremy Rifkin seet fir Lëtzebuerg déi 3. industriell Revolutioun viraus.

Mir liewen an enger vernetzer Welt, wou d'Ëmwelt geschount gëtt, Besëtz keng Roll méi spillt, Mënschen deelen amplaz ze besëtzen an déi modern Technologien eng intelligent Vernetzung vun Energie, Kommunikatioun a Mobilitéit erméiglechen. Dat sinn d’Visioune vum US-Soziolog. Ass et just eng Utopie, oder eng Chance fir Lëtzebuerg? Sinn d’Leit bereet fir dës drëtt industriell  Revolutioun a wat ass elo scho  Realitéit.

Mir gräifen no de Stären an hu verstanen, dass mir radikal ëmdenken an ons alt rëm nei erfanne missen, esou d’Regierung, a baséiert sech op dem Jeremy Rifkin seng Visioun.

Hei de ganzen Interview mam Jeremy Rifkin:

Kloertext: Lëtzebuerg 4.0
Hei den Interview mam Jeremy Rifkin

Invitéen

Etienne Schneider, Wirtschaftsminister

RTL

Jean-Claude Reding, President Chambre des Salariés

RTL

Yves Elsen, President Conseil Gouvernance UNI a CEO HITEC

RTL

Michel Wurth, UEL-President

RTL

Diane Adehm, CSV Deputéiert an Économistin

RTL

Sveinn Graas, Jonk Lénk

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.