Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

Si sinn keng Prinzessinen, mee e Grupp vu jonke Fraen di Roller Derby spillen an der Equipe vun de "Grandes-Duchessen". De Kontaktsport huet feministesch Originen, an hiere Coach de Miche, ass deen eenzege Mann an dësem weiblechen Univers. Hie versicht sou gutt wei e kann, si zu engem eischten Erfolleg ze féieren, ma hien huet et net einfach sech duerchzesetzen bei all deene staarke Fraen. Si zécken net seng Kompetenzen als Trainer, a seng Autoriéit a Fro ze stellen.


Iwwert de Rui Eduardo Abreu

No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet. Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen. No den Episoden “Eng Familljesaach”, “Am Numm vum Papp”, "Et wor eemol", "Et weess een ni" ass dëst dem Rui seng fënneft Réalisatioun fir routwäissgro.

routwäissgro" - Interview mam Realisateur Rui Eduardo Abreu
E Sonndeg geet et am "Rout Wäiss Gro" Episode em Rollerderby.