Réalisatioun: Thierry Besseling

Iwerwaache kann een haut per Mausklick. De Max Schrems ass en éisträicheschen Jurist, dee sech zënter 2014 fir Dateschutz asetzt. Seng Musterklo geinnt Facebook um europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, ass net di eischten an dei Richtung. Zënterhier reest hien reegelméisseg tëscht Bréissel, Dublin an dem Kierchbierg hin an hier, fir sech mat sengen Affekoten géint Masseniwwerwaachung a fir de Schutz vum Privat- an Familljeliewen am digitalen Zäitalter anzesetzen. E Grondrecht aus der Charta vun der Europäescher Unioun wou et ëm de Respekt vun der Persoun a seng mënschlech Dignitéit geet, déi net duerfe verhandelt ginn. Well Dateschutz iwwert seng Persoun eraus all Mënsch betrëfft, grënnt hien eng ONG déi hien NOYB – ‘None of your business’ deeft.


Iwwert den Thierry Besseling

Den Thierry Besseling schléisst 2009 säi Master op der Paris I Sorbonne of, éier hien zesummen mam Loïc Tanson 3 Kuerzfilmer (« Laaf », « Le faux départ », « Sur le fil ») schreift a realiséiert. Zesummen mam Rui Eduardo Abreu a mam Loïc Tanson verfilmt hien d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg am Dokumentarfilm « Eldorado » deen 2016 am Kino erauskoum. Am Ament, schreift de Thierry Besseling u sengem éischte Fictiouns Long-Métrage, dee vum Jani Thiltges (Samsa Film) produzéiert gëtt.