Réalisatioun: Govinda Van Maele

Säit der Kandheet ass dem Leo seng gréisste Leidenschaft d’Filmemaachen. Iwwert Ëmweeër ass hie schliisslech bei der lokaler Telé vu Mamer a Steesel gelant, déi hien als Ee-Mann Betrib aus senger Garage eraus leed. Gehollef kritt hien dobäi vu sengem loyale Kameramann Roberto an - wann Zäit ass - vu senger Duechter Lisa. D’Lisa ass am Lycée an enger Sektioun fir ugoend Filmemaacher a plangt dat Joer drop an d’Ausland an déi Richtung weider studéieren ze goen. Wat dem Papp sengersäits net méiglech war ëmzesetzen, steiert hatt elo selbstsécher un: eng Carrière an der Filmwelt - mat vollem Réckhalt vu Famill, Schoul a Staat.


Iwwert de Govinda Van Maele

De Govinda Van Maele, 1983 gebuer, huet als Jugendlechen mam Filmemaachen ugefaang. Nom Lycée huet hien an der Filmindustrie ënnert anerem als Assistent vum Pol Cruchten an als Standfotograf geschafft. 2012 koum säin Documentaire iwwert déi lëtzebuerger Rock- Szeen “We Might As Well Fail” an d’Kinoen, dat selwecht Joer huet säi Kuerzfilm “En Dag am Fräien” de lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Kuerzfilm gewonnen. Säin éischte long- métrage GUTLAND koum 2018 an d’Kinoen a gouf als beschte Film mam Filmpräis priméiert. Hien ass Grënnungsmember vun der asbl Filmreakter, déi e.a. an der Cinemathèque fir den Cinelunatique Double Feature verantwortlech ass. “LeoLisa” ass no “Wou deet et Wéi” seng zweet routwäissgro Episode.