Réalisatioun: Tom Alesch

D’halleft Land kennt de Paul. Hie war gutt 10 Joer laang Paschtouer, huet dunn awer säin Dramberuff opginn, virun allem wéinst dem Zölibat. Haut versicht hie bei der Caritas, jonk Leit dozou ze beweegen sech fir aner Mënschen anzesetzen. Viru kuerzem huet de Paul decidéiert an d’Politik ze goen. Net fir Karriär ze maachen, seet hien, mee fir eng besser Welt ze kämpfen. De Paul stoung schonn ëmmer gär am Mëttelpunkt a freet sech, ob hien et och weiderhi fäerdeg bréngt, déi aner „grouss“ ze maachen, an net sech selwer ze vill wichteg ze huelen – wou dach all eenzel Wielerstëmm dem Ego e bëssche méi schmeechelt…


Iwwert den Tom Alesch

Den Tom Alesch koum iwwert d’Mataarbecht beim Radio a bei der Televisioun bei den Dokumentarfilm. Heen huet sech mat zäitgeschichtlechen Theme vum 20. Joerhonnert befaasst, zum Beispill mat dem obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg an „Ons Arméi“ (zesumme mam Cathy Richard) oder mat der lokaler Schiferindustrie a „bloe Steen“. Donieft huet heen och Kënschtlerportraite realiséiert, ënnert anerem vum Moler Roger Bertemes, dem Filmpionnéier Philippe Schneider an zulescht, zesumme mam Anne Schiltz, vum Schrëftsteller Roger Manderscheid.