Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

De Laurent ass en Adept vu "Reenactement", der Nostellung vun historeschen Evenementer. Méi wei en Hobby, ass et fir de Laurent eng Sich no senger Plaz a senger Familljegeschicht, an an der Geschicht vu Lëtzebuerg. D'Epochen vermësche sech, an d'Familljegeschichten geroden duerchenaner, de Laurent baut sech säin eegene Stammbam op. Hie verbréngt seng Géigewaart domadder, an der Vergaangenheet ronderëm ze lafen, a versicht d'Lächer a senger eegener Virgeschicht ze fëllen. Wäert et em geléngen erauszefannen wou hien hierkënnt?


Iwwert de Rui Eduardo Abreu

No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet. Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen. No den Episoden “Eng Familljesaach”, “Am Numm vum Papp”, "Et wor eemol", "Et weess een ni" a "Keng Prinzessinnen" ass dëst dem Rui seng sechst Réalisatioun fir routwäissgro.

En Donneschdeg den Owend am Magazin war de Rui Eduardo Abreu bei ei op Besuch, fir iwwer säin Episod "Verluer an der Zäit" ze schwätzen.