Réalisatioun: Kim Schneider

Den Horst mécht alles wat e kann, fir dat Bescht aus sengem Liewen ze maachen: hie raumt doheem, probéiert den RMG ze kréien an hëlleft senger Frëndin, sou gutt et geet. Trotzdeem bleift et schwéier. Duerfir dreemt den Horst vun Amerika, wou hien e Stéck Land geierft huet am North Dakota, iwwert säi Papp. E Land mat Ueleg-virkommes. Mee fir déi Ierfschaft unzetrieden, muss hie sech duerch d’Paperassen kämpfen. A géint d’Gesetzer vum wëlle Kapitalismus huet den Horst keng Chance.


Iwwert de Kim Schneider

“Den amerikaneschen Dram” ass déi 6. routwäissgro Episod vum Kim Schneider. No engem Sproochestudium zu Köln, ass si beim Film gelant, an huet ënner anerem bei der Sitcom “Comeback” matgeschafft. No hirem Kuerzfilm “And then you” den 2018 erauskomm ass, bereet d’Kim hiren éischten laangen Documentaire vir.