Réalisatioun: Michel Tereba

D'Paula wunnt mat senger klenger Famill an engem Appartement zu Diddeleng. Ëmmer frëndlech ass hatt awer dauernd em seng Kanner besuergt. Den Jason dee mat senge 16 Joer schwéier blesséiert duerch d'Liewe geet, an d'Larah dat mat 5 Joer scho weess dass et Mannequin wëll ginn. Mat Hëllef vum Judith, enger Therapeutin, versicht den Jason seng Traumata ze bewältegen. Mee d'Paula dréit och eng schwéier Laascht mat sech a versicht se z'iwwerwannen.


Iwwert de Michel Tereba

De Michel Tereba ass zanter 1999 an der Lëtzebuerger Filmwelt täteg. Hien ass souwuel hannert der Kamera als Realisateur wéi och virdrun als Schauspiller aktiv. D'Kombinatioun vun dësen zwou Kompetenzen huet him erméiglecht seng Expertis an der Direktioun vu Schauspiller wéi och an der Begleedung vun de Leit a sengen Dokumentarfilmer ze raffinéieren. Vu Museksvideoen iwwer Fiktiouns- a Promotiounsfilmer huet hien säi Parcours mat Documentairen (D’Preise së rëm zréck – Alamo zu Cliärref) weidergefouert. « Endlech nees liewen» ass dem Michel Tereba seng 5. Episod vun der Serie routwäissgro.