Réalisatioun: Charlotte Bruneau

No ville Joren op der Rull huet d’Romaine decidéiert, am klengsten Duerf aus dem Land Anker ze leeën. Mat senger charakteristescher Energie huet et zu Rantschëlt e klenge Bistro opgemaach, an  e fréiere Schwäistall an eng multikulturell Oase verwandelt. Sexy. Frivol. Exzentresch. Esou soll et hei ausgesinn. Hei „um Honn hannen“, an engem Duerf wou just nach dräi al Jonggeselle gewunnt hunn, hunn elo dräi Fraen d’Soen. Dräi Fraenm déi keng Angscht virum Changement hunn. Elo wëll d’Romaine e grousse Cabarets-Owend organiséieren, fir mat hirer Häerzensfamill hir Léift fir d’Liewen ze feieren.

Iwwert d'Charlotte Bruneau

D’Charlotte Bruneau ass eng Journalistin a Réalisatrice aus Lëtzebuerg. Si huet Politik a Sprooche studéiert a sammelt zënterhier Wierder, Téin a Biller aus aller Welt. Hatt huet Filmer a Reportagen a ville Länner realiséiert, ënnert anerem an Tansania, a Marokko, am Bangladesch, am Irak an am Libanon, an ënnersicht d’Kreativitéit mat deenen d’Mënsche sech den Erausfuerderunge vun enger Welt am Wandel stellen. No den Episoden “De roude Fuedem” an “E Gefill fir Roboter” ass “Rantschëlt goes Reeperbahn” hir drëtt Realisatioun fir d’Serie routwäissgro.