Wat iesse mer? - Tëschenduerch
Den Fabrizio Annicchiarico weist eis wat een sech kann preparéieren fir den Honger tëschenduerch.
Rezept: Müsliriegel
75 g Hieselnëss
75 g Mandelen
125 g Cashewnëss
40 g gedréchent Figen
40 g Dattelen
30 g Roséngen
15 g gedréchent Cranberry
2 EL Ahornsirop
1 EL Waasser
Nëss mixen. Gedréchent Friichten kleng schneiden an och mixen. An enger grousser Schossel verréieren an jee no Goût kann een nach Kokosraspel, gedréchent Bananen oder Amaranth dobäi ginn. Een Läffel Waasser a zwee Läffel Ahornsirop bäiginn. D’Mass dann a Bullen oder Riegel formen. Am Beschten fir mindestens 1 Stonn an den Frigo stellen fir dass d’Müsliriegel méi fest ginn.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.