De Carlo Wampach produzéiert zënter 1979 Viz.Hien huet d'Vizerei vu sengen Elteren iwwerholl.

Viz

Am Fréijoer kréien d'Äppelbeem hier Bléien. Jee no Zort sinn d'Äppel tëscht Enn August an Ufank Oktober zeideg. An der Vizerei ginn d'Äppel vu verschiddene Bongerten ugeliwwert a gemëscht. Et gëtt kontrolléiert dat keng faul Äppel verschafft ginn an den Dag vun der Liwwerung ginn se nach an d'Press. D'Äppel gi kal gepresst, ouni Zousaz vu Waasser, Zocker oder soss Zousazstoffer. De Jus gëtt duerno zentrifugéiert sou dass déi natierlech Hief erausgeschleidert gëtt, fir dass duerno manner Oflagerungen an der Fläsch sinn. De Viz gëtt op 82°C erhëtzt a waarm ofgefëllt, sou bleift en bis zu 2 Joer haltbar.

Wat motivéiert Iech all Dag de Beruff ze maachen?

Carlo Wampach:
"Wat mech motivéiert dat ass: All Dag maache mir anere Viz. Ech mengen d'Äppel sinn anescht, d'Äppel wuessen anescht. Et ass all Joer eng Iwwerraschung wann een an d'Vizerei kënnt."