De Frank Aben ass um Redingshaff opgewuess an huet virun 10 Joer den Haff iwwerholl, op dem zënter Mëtt de 60er Jore Gromperen ugebaut ginn.

Gromperen

De Gromperenubau ass aarbechtsintensiv a verlaangt Asaz iwwert d'ganzt Joer verdeelt. Enn Mäerz wann et ufänkt méi waarm ze ginn an de Bueden dréche genuch ass, ginn déi éischt scho geplanzt. D'Grompereplanz muss reegelméisseg kontrolléiert ginn op Krankheeten oder Insekten. D'Recolte am Éislek fänkt am Duerchschnëtt Enn Juli oder Ufank August un an zitt sech bis an den November eran. Lëtzebuerger Grompere fënnt ee vun August bis dat anert Joer Juni eran, jee no Recolte a Nofro.

Wat bedeit et fir Iech Produzent ze sinn?

Frank Aben:
"Produzent ze sinn ass fir mech elo näischt Aussergewéinleches oder aneschtes ewéi en anere Beruff, mee et mécht mer immens vill Freed well ech dat vu klengem un materlieft hunn. Ech sinn doranner grouss ginn an et huet mech eigentlech ëmmer begeeschtert."