De Norbert Eilenbecker ass e vu puer Produzente vun der Baueregenossenschaft am Naturpark Our, déi zënter 25 Joer Läinueleg produzéieren.

Läinueleg

De Fluess gëtt am Fréijoer fréi geséint an déi blo Béi kënnt dann Enn Juni oder Ufank Juli. D'Läinkäre sinn an enger Kapsel gesammelt an gi beim dreschen am September recoltéiert. D'Käre gi gebotzt a dréche gelagert. Sou laang wéi d'Kären net zerstéiert an ausgepresst ginn, sou laang hält sech den Ueleg dran. Den Ament wou Läinueleg gebraucht gëtt, ginn d'Käre frësch gepresst.

Wat bedeit et Iech Produzent ze sinn?

Norbert Eilenbecker:
"Et kënnt ee jo quasi als Bauer op d'Welt an domat gëtt ee grouss, an et ass een dann awer stolz wann een zu deene gehéiert déi d'Ernärer vun der Natioun sinn. A wann een da wéi mir als Genossenschaft, regional Produkter kënne produzéiere vum Feld bis an d'Regal, an et gesäit een déi dann am Regal stoen, dat mécht ee schonn e bëssen houfreg."