D'Monique an de Patrick Schmalen produzéieren de Berdorfer Kéis. D'läscht Joer hunn si de Betrib vun hiren Elteren iwwerholl.

Kéis

Um Haff vun der Famill Schmalen gëtt dat ganzt Joer iwwer d'Mëllech vun de Kéi a Geessen zu Kéis verschafft. Moies kënnt Mëllech an d'Kéiserei wou se jee no Kéis aneschtes verschafft gëtt. Fir Frëschkéis ass d'Prozedur anescht ewéi fir haarde Kéis. Déi haart Kéiser gi bis zu engem Joer bei enger definéierter Temperatur a Fiichtegkeet gelagert.

Wat ass déi gréissten Erausfuerderung?

Monique Schmalen:
"Déi gréissten Erausfuerderung ass fir ëmmer alles ze plangen, dat schonn d'Lager ëmmer voll ass. Fir dass een eng Zort eng Kéier net huet. Also et ass schonn eng grouss Logistik dohannert."