De Serge Van Dyck huet virun 20 Joer den Haff vun sengen Elteren iwwerholl a produzéiert zënter 9 Joer Bio-Demeter Weess.

Wees

Et gëtt zwou Zorte Weess, engersäits de Wanterweess an anerersäits de Summerweess. De Wanterweess gëtt iwwert den Oktober geséint, fänkt dann un mat wuessen a geet da mat e puer Blat an de Wanter eran. Am Fréijoer wann et waarm gëtt schéisst en dann aus. De Summer gëtt am Fréijoer eréischt geséint, huet méi eng kuerz Vegetatiounsperiod a gëtt kuerz nom Wanterweess zeideg. D'Recolte ass gewéinlech ab Enn Juli oder Ufank August. Hei am Land gëtt net genuch Weess produzéiert fir déi ganz Nofro u Miel ze decken.

Wat bedeit et fir Iech Produzent ze sinn?

Serge Van Dyck:
"Produzent ze sinn heescht fir mech responsabel ze sinn. Dat Wësse wat ech duerch d'Schoul respektiv vu menger Famill krut, fir dat an d'Praxis ëmzesetzen, an sech stänneg unzepassen un de Wiessel. Awer och dass een d'Klima kennt, wéi de waarme Summer, d'Veraarbechtung mat de Maschinnen, de Goût vun de Leit, alles dat gehéiert dozou Produzent ze sinn an sech un d'Situatioun ëmmer erëm unzepassen."